Frank Wilhelm

Vu Wikipedia
Frank Wilhelm
Gebuer 11. September 1947
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Professer

De Frank Wilhelm, gebuer den 11. September 1947 zu Iechternach ass e lëtzebuergeschen Enseignant, Auteur, Literaturkritiker a Literaturwëssenschaftler.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No der Première am Iechternacher Kolléisch huet de Frank Wilhelm Franséisch op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg an op der deemoleger Sorbonne zu Paräis studéiert. Vun 1970 un huet hien am Iechternacher Kolléisch Franséischcourse ginn a vun 1994 un am Dikrecher Kolléisch. Zanter 1991 gëtt hien och Franséisch-Literatur-Coursen am Centre universitaire, der haiteger Université du Luxembourg.

De Frank Wilhelm huet 1992 op der Université Paris IV-Sorbonne mat enger Aarbecht iwwer La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg promovéiert, déi eng Zort Viraarbecht fir den Dictionnaire de la francophonie war, an deem fir d'éischt Kéier biographesch Informatioune mat Wierksbeschreiwungen iwwer déi franséischsproocheg Literatur zu Lëtzebuerg gesammelt sinn.

Hie leet de Centre d'études et de recherches françaises et francophones en littérature et linguistique vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Schwéierpunkter vun de literaturwëssenschaftlechen Aktivitéite vum Frank Wilhelm sinn déi franséisch Romantik, d'Francophonie, d'Komparatistik, d'Bild vum Groussherzogtum an der Literatur an de Victor Hugo.

A villen Aarbechte bënnt de Frank Wilhelm säi Fuerschungsinteressi an d'Beschreiwung vum lëtzebuergesch-franséische kulturellen Transfert vum 19. Joerhonnert bis haut, an. Op déi Manéier versteet hie sech selwer als Medium tëscht deenen zwou Kulturen.

Dat huet mat sech bruecht, datt hie lëtzebuergesche Korrespondent ass vun der Revue d'histoire littéraire de la France, der Francophonie vivante, L'Année francophone internationale, an de Cahiers francophones d'Europe centre-orientale.

De Frank Wilhelm ass zanter 1996 Vizepresident vun der Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden an huet grondleeënd zu der moderner Museographie vum renovéierte Musée littéraire Victor-Hugo zu Veianen bäigedroen.

Vereenzelt publizéiert de Frank Wilhelm ënner dem Pseudonym François Guillaume.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fir seng Verdéngschter ëm d'Francophonie gouf de Frank Wilhelm 2001 vun der Académie européenne de poésie geéiert.
  • Personnalité Richelieu gouf hien 2002.
  • 2006 gouf hie Chevalier am Ordre de la Pléiade.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Balaban, Florin & Frank Wilhelm, 2009. Victor Hugo par des caricaturistes: caricatures provenant de la collection de Gérard Pouchain, Paris: autres documents graphiques: Maison Victor Hugo, Vianden ; Bibliothèque nationale de France ; Florin Balaban: [Exposition au Musée de la caricature et du cartoon Vianden, du 12 septembre au 4 octobre 2009]. Vianden: Musée de la caricature et du cartoon: Maison Victor Hugo, 2009, impr. en Italie. 88 p.
  • Bourg, Tony & Frank Wilhelm, 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les carnets de Victor Hugo. RTL Édition, Impr. Centrale. Luxembourg. 343 p.
  • Wilhelm, Frank. Parlons Lettres: Armand et les chimères hippocratiques. Die Warte. 09 janvier 1997
  • Guillaume, François, 2006. Du Tour de Frantz au Tour de Gaul en passant par le Géant de Colombes. Les cyclistes luxembourgeois dans la Grande Boucle et dans la littérature francophone. À l'occasion du centenaire de l'épreuve, Dikrech. [1. Oplo 2003]
  • Guillaume, François, 2010. Mon dico du vélo. Éditions Ultimomondo. 87p. ISBN 978-2-919933-63-1.
  • Wilhelm, Frank, 1999. La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg in: Cahiers francophones d'Europe centre-orientale. Pécs (H), Wien.
  • Wilhelm, Frank, 1991. Derrière (sic!) les coulisses de la création romanesque luxembourgeoise de langue française ; in: Ré-Création 7 (1991), Ss. 87-106; Dikrech, APESS-Verlag.
  • Wilhelm, Frank, 2000. Victor Hugo et l'Idée des États-Unis d'Europe. Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. 98p.
  • Wilhelm, Frank, 2002. Victor Hugo et le Grand-Duché de Luxembourg. Dessins et lavis, catalogue de l'exposition organisée au Musée national d'histoire et d'art du 30.11.2002 au 12.01.2003.
  • Wilhelm, Frank, 2003. Victor Hugo et le peintre Michel Sinner. De Reider: Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck Nr. 31: 28-37. Ettelbrück.
  • Wilhelm, Frank, 2004. La fin de la Deuxième Guerre mondiale vue par des écrivains luxembourgeois francophones. récré 20: 241-280. Diekirch.
  • Wilhelm, Frank, 2006. L'européanité en littérature. récré 22: 178-187. Diekirch.
  • Wilhelm, Frank, 2010. « La littérature francophone luxembourgeoise et son positionnement problématique », L'Amuse-Bouche : La revue française de Yale. The French Language Journal at Yale University, 1(1): 99-112.
  • Wilhelm, Frank, 2010. "houreschräiss schlot se freckt" Hommage à Roger Manderscheid. Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Nr. 299: 43-45. Luxembourg.
  • Guillaume, François, 2013. "Et moi, pauvre rosse, dans la roue de Charly...". A propos de l'Etape du Tour 2013 pour amateurs: calvaire ou couronnement ?. Echternach. Imprimerie de l'est.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Barbier, Nathalie, 1999. Le théâtre dans le théâtre. Le cinéma au cinéma. Textes réunis et présentés par Frank Wilhelm. Centre d'études et de recherches francophones du Centre universitaire de Luxembourg (Sesam Asbl), Lansman Éditeur, 1998. Ee Band, 21 × 11,5 258 S. ISBN 2-87282-211-9 ». Revue d'histoire littéraire de la France, September-Oktober 1999, n° 5, S. 1138.
  • Baritaud, Bernard, 1991. Curiosités. Candide au Luxembourg, Rezensioun iwwer Félix Thyes, Marc Bruno. Profil d'artiste, nei erausgi vum F. W. In: Bulletin du C.R.A.M. [Centre de Réflexion sur les Auteurs méconnus), Paräis, S. 7-10.
  • Bonzon, Laurent, 2003. Roue libre. Le Grand-Duc et la petite reine, Rezensioun iwwer Fr. Guillaume, Du Tour de Frantz au Tour de Gaul en passant par le Géant de Colombes. Tageblatt. Livres, 20.06.03.
  • De Toffoli, Ian, 2010. L'écriture, une course comme toutes les autres. D'Lëtzebuerger Land Nr. 34 (24. August 2010): 22. [Kritik vum Wierk Mon Dico du Vélo]
  • Durosay, Daniel, 1994. Tony Bourg, 'Recherches et Conférences littéraires. Recueil de textes, erausgi vum par J.-C. Frisch, Cornel Meder, Jean-Claude Muller an F. W. ». Bulletin des Amis d'André Gide, vol. XXII, n° 103/4, Juli-Oktober 1994.
  • Gaudon, Sheila, 1988. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Carnets de Victor Hugo. Integral Editioun mat Umierkunge vum Tony Bourg a Frank Wilhelm. Revue d'Histoire littéraire de la France, Paris, S. 306-307.
  • Freyermuth, Sylvie, 2016. Mens sana in corpore sano. In: S. Freyermuth, P. Halen & J.M. Wittman (dir.): Échappées littéraires en francophonie. Mélanges offerts au professeur Frank Wilhelm (Université du Luxembourg) par ses collègues et amis à l'occasion de som éméritat. Université de Lorraine, Centre de recherches « Écritures » (éd.), Metz, p. 5-13 (Collection Recherches en littérature, N° 9).
  • Hillion, Jacques, 1999. La littérature francophone du Luxembourg. Une belle méconnue Et geet üem d'Presentatioun vun de Cahiers francophones d'Europe centre-orientale, numéro hors série consacré par F. W. à La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg], Le Jeudi, 02.12.1999.
  • Portante, Jean, 2006. Les portraits du ‘Jeudi’: Frank Wilhelm, professeur-chercheur et observateur littéraire. Dr Wilhelm et Mr Guillaume. Le Jeudi, 09.03.2006.
  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 41-44

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank Wilhelm – Biller, Videoen oder Audiodateien