Cornel Meder

Vu Wikipedia
Cornel Meder
Gebuer 23. September 1938
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 2. Juli 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Literaturkritiker, Editeur
Famill
Kanner Charles Meder

De Cornel Meder, gebuer den 23. September 1938 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 2. Juli 2018[2], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Lokalpolitiker, Schrëftsteller, Literaturkritiker an Editeur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Cornel Meder ass zu Rëmeleng opgewuess an zu Esch an de Jongelycée gaangen. Hien huet dunn zu Lëtzebuerg, Léiwen, Bonn, Paräis an Tübingen studéiert. Duerno war hie Stagiär fir Däitsch am Escher Jongelycée a gouf duerno Professer fir Däitsch an Direkter vum Lycée technique Mathias Adam zu Péiteng a vum Collège d'enseignement moyen zu Diddeleng, deemools eng "Annexe" vum LTMA-P, wou hie sech fir eng polyvalent Schoul agesat huet.

Vun 1987 bis 2003 war hien Direkter vum Lëtzebuerger Nationalarchiv an huet mat zu der Grënnung vum Nationale Literaturzentrum zu Miersch bäigedroen.

Hie war Member vum Staatsrot vum 29. Dezember 1977 bis den 31. Dezember 1999.[3]

De Cornel Meder war den Editeur vun den Zäitschrëften impuls, doppelpunkt, MOL, Galerie, Direkter vum Centre Culturel vun Déifferdeng a Sekretär vun den Amis de Colpach.

Zu Déifferdeng war hie fir d'LSAP als Schäffen am Gemengerot[Wéini ?].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Ein kleines Feld - Anmerkungen ; Déifferdang ('Galerie' Verlag), 1996; 95 S.; ISBN 2-87991-005-6
  • Wortwenden - Glossen, Monologe, Aufsätze ; Esch-Uelzecht (Verlag 'Le Phare'), 2004; 639 S.
  • Aline Mayrisch (1874-1947) - Approches ; erausgi vun der 'Croix-Rouge luxembourgeoise' (Drock: Kremer-Müller & Cie, Féitz), 1997; 63 S.
  • Steinberg. Erinnerungen. 2018 (Memoiren)

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • André Gide - Aline Mayrisch: Correspondance 1903-1946, erausginn an annotéiert duerch de Pierre Masson an de Cornel Meder; in: Les Cahiers de la NRF (-> Cahiers André Gide, Nr. 18); Paräis, Verlag 'Gallimard', 2003; 379 S.; ISBN 2-07-072946-X
  • Aline Mayrisch - Jacques Rivière: Correspondance 1912-1925, erausginn an annotéiert duerch de Pierre Masson an de Cornel Meder; 'Centre d'études gidiennes', 2007; 189 S.
  • Aline Mayrisch - Jean Schlumberger: Correspondance 1907-1946, erausginn an annotéiert duerch de Pascal Mercier an de Cornel Meder; Lëtzebuerg, 'Publications nationales', 2000; 697 S.
  • Aline Mayrisch-de Saint-Hubert & Marie Delcourt-Curvers: Correspondance 1923-1946 ; editéiert a commentéiert vun der Catherine Gravet an dem Cornel Meder; eng Publikatioun vum 'Cercle des Amis de Colpach', 2009; 509 S.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jérôme Netgen, Die fröhliche Wissenschaft - Cornel Meder im Porträt, in: Tageblatt, 6. Oktober 2003.
  • Josiane Kartheiser, Cornel Meder. Ein Porträt ; Féitz (Verlag Kremer-Müller), 2004; 84 S.
  • Cornel Meder - Zeittafel; in: Kulturissimo, kulturell Bäilag vum Tageblatt, Ausgab vum 12 Januar 2005; S. 9.
  • "La littérature doit être accessible" - Les priorités de Cornel Meder sont le Centre culturel de Differdange et l'édition de la revue 'Galerie'."; Interview mam Journalist Jean Rhein an: Le Quotidien, 20. September 2010, S. 2-3.
  • Claude D. Conter, Cornel Meder - Literaturarchivar a Literaturwëssenschaftler; in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 541-545.
  • Fabienne Gilbertz, "eine Integrationsfigur von Format" - Cornel Meder und die Professionalisierung des Luxemburger Literaturbetriebs; in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 546-569.
  • Claude Raucy, Un honnête homme: Cornel Meder; in Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 581-583.
  • Frank Wilhelm, Touche-à-tout, homme de lettres avant tout - Cornel Meder (1938-2018); in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 584-596.
  • Jeff Baden, Unentwegter Einzelkämpfer - Zu Cornel Meders letzter Publikation "Steinberg" ; in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 597-599.
  • Mélanges en hommage à Cornel Meder; in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 601-729 (literaresch an historesch Beiträg vun 8 Auteuren a Frënn vun der 'Galerie').

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zivilstand vun Esch-Uelzecht vum 18.-24.September 1938 am Tageblatt vum 29. September 1938 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2018-07-03.
  2. "D'Literaturzeen trauert ëm de Cornel Meder." 100komma7.lu, 02. Jul 2018 - 17:15.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn