Op den Inhalt sprangen

Charles Meder

Vu Wikipedia
Charles Meder
De Charel Meder 2023
Gebuer 5. Juni 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser
Member vun A:LL Schrëftsteller*innen, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
Famill
Bestuet mat Anja Di Bartolomeo
Papp Cornel Meder

De Charles Meder, gebuer de 5. Juni 1966, ass e lëtzebuergesche Professer am Kolléisch an Auteur.

2016 huet hien d'Novelle Aname erausbruecht a gouf dat selwecht Joer mat sengem Lauschterspill CyberTrappED mam 100,7 Radio-Präis ausgezeechent[1].

2017 krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur fir säi Wierk Aname.

2018 krut hie fir d'Theaterstéck Geheimdiesntkönige den zweete Präis vum Nationale Literaturconcours[2], an 2024 war hien de Gewënner vun deem Concours mat séngem Theaterstéck Urd [3].

Vun 2020 bis 2022 war hie Member vun den A:LL Schrëftsteller*innen. Hien ass Member vum Institut grand-ducal, Sektioun Arts et Lettres. Nodeems de Lucien Kayser no 12 Joer als President am Juli 2025 demissionéiert huet, hunn de Charel Meder an d'Carla Lucarelli kommissaresch d'Presidentschaft vun der Sektioun Arts et Lettres iwwerholl, ier se am Dezember 2025 an hire Funktiounen als President a Vizepresidentin a Sekretärin bestätegt goufen[4].

Als President vun der Kultur Stengefort ASBL, organiséiert hien zënter 2022 de Summerdream Festival [5] zu Stengefort.

De Charles Meder ass de Fils vum Cornel Meder an ass mat der Anja Di Bartolomeo bestuet.

Theaterstécker

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "'CyberTrappEd' ass Kino fir d'Oueren." 100komma7.lu, 13. Abr 2017 - 13:45.
  2. 1 2 "Résultats du Concours littéraire 2018." Communiqué op gouvernement.lu, Nov. 2018.
  3. 1 2 "Annonce des lauréates et lauréats du Concours littéraire national 2024", Communiqué op gouvernement.lu, 04.11.2024.
  4. Institut grand-ducal, Section Arts et Lettres. Gekuckt den 18.08.2025 an 12.12.2025.
  5. Summerdream Festival Steinfort Archivéiert den 12.05.2025. Gekuckt den 18.08.2025.
  6. Coauteure vum Stéck sinn d'Maïté Baumbach an d'Mady Weber. Schauspiller vun der Uropféierung waren d'Nora König, d'Elsa Rauchs an den Timo Wagner. Jeff Schinker, „De Cabinet vum Dokter Menasse“ enttäuscht op ganzer Linn, tageblatt.lu, 11. Januar 2019. 19:06
  7. SCHNOUKY, gekuckt den 3. Juni 2021
  8. Post-scriptum: cette pièce est trop parfaite, d'Lëtzebuerger Land, 30. Abrëll 2021