Marc Angel (Kënschtler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kënschtler Marc Angel. Fir de Politiker mam selwechten Numm, kuckt wgl. Marc Angel (Politiker).
Marc Angel
Gebuer 24. Februar 1960
Dikrech
Aktivitéit Iwwersetzer, Moler, Dréibuchauteur, Graphiker

De Marc Angel, gebuer de 24. Februar 1960 zu Dikrech ass e lëtzebuergesche BDs-Auteur, Graphiker, Moler an Illustrator, deen zu Biekerech lieft a schafft.

Hien ass vun 1981-1983 zu Köln op d'Fachoberschule für Gestaltung gaangen. No engem ofgebrachene Graphic-Design-Studium huet hien als Graphiker an Illustrateur fir verschidde Publicitéitsagencen, Editiounen a kulturell Institutioune geschafft.

Ufanks der 80er Joren huet hien Illustratioune fir d'Lëtzebuerger Land gemaach. E war och un der Gestaltung vun der L'histoire Luxembourgeoise (1989) an der Ausgab vum Jean Probst als Comic-Auteur bedeelegt.

Zanter 2008 verëffentlecht hie Comics an Illustratiounen, dacks am Eegeverlag ënnert dem Label INSITU.

Ausstellungen a Projeten[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007, Konzept a Koordinatioun vum Projet «Le calendrier des migrations» («Luxembourg et Grande Région, capitale européenne de la culture 2007»), Perséinleche Bäitrag: «L'histoire du Douanier»
  • 2010, Galerie Am Pi, Weißenseifen (D)
  • 2010/11, Corporate Design a kënschtleresch Gestaltung vun der Biekerecher Millen
  • 2012, Artium Art Gallery, Lëtzebuerg
  • 2013, Galerie d'Art Armand Gaasch, Lëtzebuerg
  • 2015, "Reflets d'artistes", Galerie Op der Kap (zesumme mam Christophe Olinger)
  • 2019, "Livre/dessin" an der Serie "INTRO" am Konschthaus Beim Engel

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Deemols, 1997, 1999, 2001, Bande dessinée an 3 Bänn iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg (Ed. Guy Binsfeld),
  • Nixe Geeschter Hexemeeschter, 2003, illustréiert Buch (Ed. Phi);
  • Eng Rees ëm d'Welt, 2008, Kannerbuch (Präis fir de beschte Kanneralbum vum Educatiounsministère)
  • Nuages sur la rizière / Wolken über dem Reisfeld, 2009, BD (Insitu/Fairtrade Luxembourg)
  • Pelle Svensson und die Republik der Tiere, 2011, BD an Zesummenaarbecht mam Thorunn Egilsdottir an Thomas Schoos (Insitu/Eida-Green)
  • De Schëmmelreider vun Useldeng, 2016, BD (Insitu/Gemeng Useldeng)
  • De Jas / Le Yas, 2015, Graphic Novel an Zesummenaarbecht mam Jean-Louis Schlesser (Scenario), kënnt an der Wochenzeitung "Le Jeudi" eraus a gëtt duerno als Album bei Insitu verëffentlecht.
  • De Jas kënnt zeréck / Le retour du Yas, 2016, id
  • Schichtwiessel, 2017, BD (Insitu/Gemeng Déifferdeng)
  • Den Edouard, 2018, BD, kënnt an der "Revue" eraus a gëtt duerno als Album bei Ed. Revue verëffentlecht
  • Schortgen, En Eisefrësser an der Chamber, 2022, Graphic Novel an Zesummenaarbecht mam Charles Meder, éditions guy binsfeld, ISBN 978-2-9199565-6-2

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]