Biekerech

Vu Wikipedia
Biekerech
Biekerech vum Kuelebierg aus gesinn (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Beckerich
de: Beckerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Biekerech
Buergermeeschter Thierry Lagoda
Awunner 834
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 708,8640 ha
Héicht 289 m
Koordinaten 49° 43’ 55’’ N
      05° 53’ 07’’ O
Biekerech vum Kinn aus gesinn. Hannendrun de Kuelebierg

Biekerech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, am Kanton Réiden an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

Biekerech, vun de Leit aus der Géigend Beekerich genannt, läit um Fouss vun de Sandsteekoppen am Süden, mat den héchste Punkten um Kuelebierg an op der Kräizerbuch. Dëse grousse Waassereservoir mécht sech do duerch ganz vill Quelle bemierkbar déi sou eng gutt Qualitéit hunn datt sech am Hueweler Wee eng Industrie installéiert huet, d'S.A. des Eaux minérales de Beckerich, déi d'Biekerecher Waasser kommerzialiséiert.

No Westen an no Norden ass den Dall op, an et kann ee bis op déi éischt Éisleker Koppe gesinn.

D'Quellen ëm Biekerech lafen all op Hitten zou fir do als Näerdener Baach weider an d'Pall an dann an d'Atert ze lafen.

Et sinn dat:

  • am Süden: d'Millebaach, déi hir Quell tëscht Mëlleschbuer an Eeschefeld huet an da fir d'éischt an de Milleweier leeft, wou se nach vun de gefaasste Quelle vum Weier gefiddert gëtt. Op der Millen, déi och Seeërei war, huet se d'Turbinne fir Stroumproduktioun ugedriwwe fir d'Duerf mat Elektresch ze beliwweren, bis d'CEGEDEL dat iwwerholl huet. D'Millen, och nach dacks Waxweileschmille genannt nom Numm vum Proprietär, ass haut am Besëtz vun der Gemeng.
  • am Westen: d'Mollbaach, déi aus zwou Quellen um Flouer beim Kallek entsteet.

De Bauerenhaff, deen net wäit dovun ewech läit, huet den Numm vun dësem Flouer A Kauleks. Den Numm kënnt dohier well de Sandsteen an dësem Eck besonnesch vill Kallek huet a plazeweis schluetwäiss ass.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No de Schrëftstécker gëtt Biekerech am 12. Joerhonnert fir d'éischt genannt.

1309 krut Biekerech säi Fräiheetsbréif mat enger eegener Verwaltung.

Ëm 1600 ass d'Existenz vun enger Parschoul zu Biekerech nogewisen.

Am Joer 1673 beleet en Dokument, datt 8 vun 10 Leit Analphabeten am Duerf waren.

Am 17. Joerhonnert hat d'Abtei vun Iechternach Lännereien a Rechter zu an ëm Biekerech.

Am Ancien Régime huet e groussen Deel vun der haiteger Gemeng Biekerech zu der Abtei Notre-Dame vu Clairefontaine gehéiert. De Rescht war am Besëtz vum Priorat vum Mariendall.

1894 gëtt eng Telefonszentral am Duerf installéiert.

Vun 1913 un gouf an der Biekerecher Millen Stroum produzéiert andeems dat aalt Waasserrad mat enger Turbinn ersat gouf. Sou koum et datt Biekerech eng vun den éischten Uertschaften am Land war dat e Stroumnetz hat.

Zanter 1928 gëtt d'Waasser aus der Quell vum Mëlleschbour an d'Waasserleitunge vun der ganzer Gemeng Biekerech gespeist.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft ass un d'Stroossenetz ugestréckt duerch d'Nationalstrooss N24 déi vun Arel op Dikrech féiert, den CR301 vun Ielwen op Ell an den CR304 vu Biekerech op Réiden op der Atert.

Spottnimm[änneren | Quelltext änneren]

Déi Biekerecher hunn als Spottnimm d'Biekerecher Kierfmécher a Biekerecher Suebelmouken.

Al Biekerecher Hausnimm[änneren | Quelltext änneren]

  • A Kalleks oder a Kauleks: op der Areler Strooss just virun der Kräizung mam Leewelerwee an dem Wee fir an d'Giischerhiel.
  • A Jékels oder och Beim Belsch: bei der Kierch, an An Ënnescht-Jékels: am Réidener Wee. (Zwéin Häff déi der Famill Parries gehéiert hunn haut am Besëtz Origer)
  • A Kabes: Déi fréier Schmëdd an Epicerie, an der Dikrecher Strooss bei der Gemeng wou et an de Kéchereck geet.
  • A Brouder: Vis-à-vis vun der Gemeng. En duebelt Haus dat zwéi Bridder gehéiert hat. Dat lénkst gouf och nach a Schmatts genannt.
  • A Growen: op der Kräizung vun der Areler Strooss an dem Ellerwee.
  • A Glueden:
  • An Huesen:
  • A Jucken:
  • A Schmatten: déi fréier Wiertschaft Holtgen
  • A Léitnants:
  • An Zären: gouf ofgerappt, haut ass do d'Parkplaz virun der Kierch.
  • A Wäisses: den éischte Baurenhaff (Reding) riets wann e vu Palle kënnt
  • A Luddes: nieft Jékels vis a vis vun der Kierch.
  • A Bréckels:
  • A Schanen:op der Arelerstross nieft Growen
  • A Fabesch:
  • A Lukaassen oder och Beim Lukas, dat fréiert Haus Reuter J.P. hanner dem Bëschelchen
  • An Nuckessen d'Heemechtshaus vum Egide Thein.

Nimm vu Stroossen a Plazen am Duerf[änneren | Quelltext änneren]

  • Op der Schounk
  • Suebelwee
  • Am Gréngewee
  • Am Gronn
  • Am Kächereck
  • Op der Leng
  • Groussgaass
  • Burgaass
  • Beim Fräiheetsbeemchen
  • Hanner dem Bëschelchen

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S.
  • Bosseler, Nic, 1996: Die Gemeinde Beckerich: eine Reise durch die Zeit, Gemeindeverwaltung, Rapidpress, 496 S.
  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg, Ministère des affaires culturelles, 169 S., (Cf. Biekerech S. 9-24), ISBN 2-87984-002-3

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien