Kierch Biekerech

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Biekerech
D'Parkierch vu Biekerech (2013)
D'Parkierch vu Biekerech (2013)
Uertschaft Biekerech
Par Atertdall Sainte-Claire
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Paulus
Baujoer 1711
Koordinaten 49° 43’ 56.3’’ N
05° 53’ 08.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Biekerech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Mathieu Henri Janssen vun Useldeng.

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt. Niewpatréiner sinn den hellege Sebastian an den hellege Rochus. Viru 1628 war den hellege Péitrus deen eenzege Patréiner.

D'Kierch läit am Oste vun der Uertschaft nieft der Dikrecherstrooss, der N24.

Zur Par Biekerech gehéieren ausser der Parkierch vu Biekerech och nach d'Kapell vu Liewel, d'Kapell vun Hitten an d'Jobskapell um Kuelebierg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kierch zu Biekerech gëtt dokumentaresch schonn am 12. Joerhonnert ernimmt.

1711 gouf ënner dem Paschtouer Kuborn d'Schëff vun der haiteger Kierch nei gebaut. 1742 a 1748 krut dëse Bau en neien Daach. Den Tuerm koum 1750 dobäi. Um Kierchtuerm iwwer der Agangsdier ass d'Joreszuel 1750 grouss ze gesinn.

1850 ass d'Querschëff agebaut ginn. 1897 gouf den haitege Chouer an d'Sakristei gebaut.

Am Tuerm hänken zwou Klacken déi 1869 opgehaang goufen.

D'Kierch gouf fir d'lescht 2000 bis 2001 renovéiert; dobäi gouf och den Duxall ofgerappt an d'Uergel gouf nieft dem lénkse Säitenaltor opgeriicht.

Well am Laf vun der Zäit vill un der haiteger Kierch geschafft gouf, ass dat zentraalt Kiercheschëff romanesch, d'Querschëff awer gotesch. Den Haaptaltor am Chouer staamt aus dem Barock.

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee huet 7 Statiounen a fänkt ronn 150 Meter vun der Kierch ewech un a féiert bis bei d'Jobskapell um Kuelebierg.

D'Statioune stinn all am Fräien a sinn aus Lëtzebuerger Sandsteen.

Mëttlerweil sinn déi eenzel Statiounen alleguer Kopien, vu datt d'Originaler scho viru 1600 opgeriicht goufen.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Hauptuergel an der Biekerecher Parkierch (Dezember 2013).

D'Uergel gouf 1931 vun der Lëntgener Uergelfabréck ënner der Leedung vum Geoerges Haupt gebaut an den 11. Oktober 1931 ageweit.

D'Instrument gouf bei der Renovatioun vun der Kierch an de Joren 2000-01 vum Duxall an de Chouer deplacéiert, d'Dispositioun gouf awer net geännert an ass nach ëmmer déi nämmlecht.

Den Opbau vun der Uergel:

  • I Haaptwierk (6 Reg.)
  • II Schwellwierk (8 Reg.)
  • Pedal (3 Reg.)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 78-123

D'Paschtéier vu Biekerech[änneren | Quelltext änneren]

  • 1265: Nikolaus von Bekirchen
  • 1276: Theodorich von Bethkyrche
  • 1351: Johann von Betonglises
  • 1476: Michel
  • 1476: Jean Naeuve de Noirhusen
  • 1484: Nikolaus de Belkirchen
  • 1510: Pilgrinus
  • 1540: Michel Naewen
  • 1550: Reinhard Dunninger
  • 1552: Johann von Gerlingen
  • 1570: Nikolaus von Brittert (Breitert)
  • 1579: Conrad Ell
  • 1580: Nikolaus Rantzleiden
  • 1586: Anton Donlingen
  • 1589: Michel Heintz
  • 1596: Johann Kalbfleisch (Mucheron, Machuray, Moschion)
  • 1617: Robert Lindanus
  • 1623: Nikolaus Molinaeus (Molinarus)
  • 1633: Rudolf Weingart
  • 1636: Ludwig Molinaeus (Moliné, Molinari)
  • 1679: Michel Kuborn (Geimlinger, Kuboren) vu Grëmmelescht
  • 1716: Nicolas Becker
  • 1717: Peter Mallaise (Maller, Mallert) vu Stroossen
  • 1737: Heinrich Bertembois vu Grendel
  • 1758: Peter Mayss (Meys, Meis) vu Schweech
  • 1775: Heinrich Hemmer vu Bierchem
  • 1794: Nikolaus Michels vu Leideleng
  • 1800: Nikolaus Palen vu Rued
  • 1818: Peter Guerstener vu Bruch
  • 1873: Johann Welter vun Ierpeldeng (Sauer)
  • 1875: Nikolaus Mertens vu Mamer
  • 1900: Theodor Maeillet vu Rouderssen
  • 1908: André Clemens vu Méischdref
  • 1929: Joseph Poos vu Béiwen
  • 1947: Albert Muller aus dem Rollengergronn
  • 1952: Mathias Fellens vu Wäiswampech
  • 2000: John. Bintz vun Useldeng
  • 2004: Nicolas Hardt vu Grooljen
  • 2005: Denis Wellisch vu Colmar (Fr.), leschte Paschtouer deen am Paschtoueschhaus zu Biekerech gewunnt huet
  • zanter 2010: Mathieu Janssen

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptaltor aus dem Barock
D'Kierch vun der 'Dikrecherstrooss' aus gesinn, Dezember 2013
De 'Monument des enrôlés de force' am Dezember 2013

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien