Saarburg
| Saarburg | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Däitschland |
| Bundesland | Rheinland-Pfalz |
| Krees |
|
| Verbandsgemeng | Saarburg |
| Gemeng | Landkrees Tréier-Saarburg |
| Buergermeeschter |
Andreas Reymann (parteilos) (zanter dem 29. August 2024) |
| Awunner | 7.612 (31. Dezember 2023) |
| Fläch | 20,63 km² |
| Héicht | 159 |
| Koordinaten | 49°36'33"N, 6°33'1"O |
| Telefonszon | 06581 |
| Postcode | 54439 |
| Websäit | https://www.saarburg.de/ |
| Jumelage mat | Sarrebourg |
|
| |
|
| |

Saarburg (och alt Saarbuerg, fr. Sarrebourg) ass eng Stad am Landkrees Tréier-Saarburg a Rheinland-Pfalz op der Saar. Op 20,63 km² liewe 7.612 Awunner (Stand 31. Dezember 2023)[1].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Landschaftsbild ass ofwiesslungsräich a gëtt besonnesch vum Laf vun der Saar, mat géie Bierghäng, déif ageschniddenen Däller a laange Schleefe ronderëm d'Bierger bestëmmt. Wéngerte markéieren dat lokaalt Bild vun der Regioun, déi fir de Saarwäin bekannt ass. De Schloßberg huet eng Héicht vun 206,5 m. Saarburg läit ongeféier 20 Kilometer südwestlech vun Tréier.
Quartieren
[änneren | Quelltext änneren]Zur Stad gehéiere follgend Quartieren (dt.: Ortsbezirke)[2]:
- Krutweiler
- Kahren
Aner Gemengendeeler
[änneren | Quelltext änneren]Nieft de Quartiere gëtt et nach dës Lieu-diten (dt.: Wohnplätze)[2]:
- Auf der Hardt
- Saargauhof
- Kruterberg
- Auf der Grube
- Beurig
- Ferienpark Warsberg
- Kunoweiher-Hof
- Niederleuken
- Obere Kaselmühle
- Rauschhof
- Untere Kaselmühle
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vu Saarburg fänkt un, wéi de Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg 964 eng Buerg op der Héicht vun der Stad opriicht. D'Saarbuerg ass eng vun den eelsten Héichtebuergen an Däitschland an ass d'Symbol vun der Stad.
Schonn an der virgeschichtlecher an och an der réimesch-fränkescher Zäit si vereenzelt Siidlungen nogewise ginn. Déi eigentlech Entwécklung huet mat der Grënnung vun der Buerg ugefaangen, déi fir d'éischt an engem Vertrag vum 17. September 964 schrëftlech ernimmt gëtt. Den Zweck vum Ofkommes war de Bau vun enger Héichtebuerg um Hiwwel Churbelum duerch de Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg. D'Buerg gouf tëschenzäitlech vun den Tréierer Äerzbëscheef als privilegiéiert Residenz benotzt, bautechnesch ëmmer nees verännert an no Zerstéierungen erëm opgeriicht.

Am Laf vun de Reliounskricher am 16. Joerhonnert krut d'Saarbuerg eng ëmmer méi grouss strateegesch Bedeitung als Festung. Et koum zu ville krichereschen Ausernanersetzungen ëm de befestegte Biergréck. Zanter 1756 gëtt vun engem progressive Verfall geschwat. Am Joer 1860 huet d'Stad d'Ruin fir 325 Taler opkaaft.[3]

Déi éischt Awunner baussent der Buerg hu sech am fréien 13. Joerhonnert néiergelooss. 1291 huet de Rudolf vun Habsburg Saarburg zesumme mat Wittlich, Bernkastel, Welschbillig, Mayen a Montabaur d'Stadrechter ginn. Ëm 1500 gouf et scho ronn 100 Feierplazen an der Stad, ouni déi vum Adel a vum Klerus. D'Fëscherei, d'Schëfffaart an d'Liederfabrikatioun grad wéi och d'Wiewerei hunn d'Wirtschaft gepräägt. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert huet d'Stad zum Kurfürstentum Tréier an zum Kurrhäinesche Räichskrees gehéiert a war zanter dem 14. Joerhonnert de Sëtz vum Amt Saarburg.
Nodeem d'lénkst Rhäinuwänner u Frankräich gaangen ass, war d'Stad vu 1798 bis 1814 de Sëtz vum Kanton Saarburg am Arrondissement Tréier am Saardepartement. 1816 ass Saarburg u Preise gefall a gouf de Sëtz vum Landrat fir de Krees Saarburg a vun der Buergermeeschterei Saarburg.[4]
1935 goufen d'Gemenge Beurig an Nidderleuken bei Saarburg geprafft. 1937 gouf d'Stad eng Garnisounsstad fir e Maschinnegewier-Batailloun vun der Wehrmacht. Am Quartier Beurig gouf bis 1938 eng nei Kasär mat enger Übungsplaz gebaut. An der Géigend ëm d'Stad goufen an där Zäit Befestegungsanlagen a Richtung vu Frankräich gebaut.
Beim Loftugrëff vun den Alliéierten op Bréck iwwer d'Saar den 23. Dezember 1944, goufen Deeler vun der Stad a bal d'Hallschent vun der Laurentiuskierch zerstéiert. Am Februar 1945 hunn US-Truppen (d'94. Infanterie-Divisioun) d'Stad an d'Kasär besat. Am Juli 1945 hunn d'Amerikaner d'Kasär un d'franséisch Arméi iwwerginn, déi de Site bis an d'21. Joerhonnert behal huet. Den 20. Juli 1946 gouf d'Stad Saarburg zesumme mat 80 Gemengen un d'Saarland annektéiert, dat kuerz virdru vun der franséischer Besatzungszon ofgetrennt gi war. Den 8. Juni 1947 gouf déi Erweiderung bis op 21 Gemengen annuléiert, an d'Stad koum domat an dat nei geschaaft Land Rheinland-Pfalz.
D'Geschicht vun der franséischer Garnisoun zu Saarburg ass 2010 op en Enn gaangen, wéi d'Fransousen aus der Kasär "Quartier de Lattre de Tassigny" ofgezu sinn. Déi fréier Übungsplaz gëtt an en „Nationalen Naturierwen“ ëmgewandelt.[5]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]
De Kär vun der historescher Alstad ass markéiert vun der ronn 127 m. laanger an am Duerchschnëtt 38 m. breeder Buerg. An der Uewerstad ass besonnesch de Beräich ëm de Bottermaart kuckeswäert, mat de Brécken iwwer d'Leukbaach an dem imposante Waasserfall mat enger Héicht vun 18 Meter matzen an der Stad. En aneren interessante Punkt op der laanggezunner Plaz ass d'Gebai Am Markt 2, ursprénglech eng Wiertschaft, méi spéit e Wunn- a Geschäftshaus, haut eng Bank. Déi Haiserzeil hannendru staamt aus dem 17. an 18. Joerhonnert an zitt sech laanscht de Waasserfall. Op der anerer Säit läit déi fréier Millen, hautdesdaags den „Amüseum“, e stättesche Musée iwwer traditionellt Handwierk an Zënft. Direkt virdrun, mam Bléck op de Bottermaart, stoung déi al Märei, déi 1900 verbrannt ass.

D'Waasser vun der Leukbaach leeft an de sougenannte Leukkessel, deen op der enger Säit vun der 14,70 m héijer Tümpelsmauer an op der anerer Säit vun der Hackenberger Mühle begrenzt gëtt. Hei gouf fréier Weess, Ueleg a Lou gemuel, haut ass och do e Musée (de Millemusée) dran. Iwwer dem Bottermaart steet d'Laurentiuskierch, déi op eng Kapell aus dem 11. Joerhonnert zeréckgeet a mat der Zäit ëmmer nees baulech verännert gouf. Aner kuckeswäert Plazen an der Uewerstad sinn de Fruchtmarkt, d'Gemeng aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert an de Boemundhof.
D'Ënnerstad gëtt vun der Gaas „Staden“ gepräägt, an där eng duebel Rei kleng bis mëttelgrouss Haiser laanscht d'Saar steet. Um Ale Maart gëtt aus der Gaass eng Aart Plaz, op där hirem Enn d'Gebai Staden 114 steet, en dräistäckegt Gebai mat enger véierachseger Giewelfront aus der Zäit ëm 1700. D'Klackegéisserei Mabilon, an där bis 2002 Klacke gegoss goufen, ass mëttlerweil och e Musée an e Kulturzenter. Zanter 2011 gëtt hei all Joer e Steampunk-Chrëschtmaart organiséiert.

Iwwer géi Weeër an Trape kënnt ee vun der Ënnerstad aus, laanscht d'Evangeelesch Kierch (mat Fënstere vum Werner Persy), bei d'Ruin vun der aler Buerg. Vun do aus huet een eng schéi Vue an all Richtungen, virun allem iwwer d'Saarlandschaft, de Staddeel Beurig an d'Alstad um Fouss vum Bierg. De Retour féiert laanscht d'„Haus Warsberg“, den alen Eedelhaff vun de Fräihäre vu Warsberg a fréiere Sëtz vun der kurfürstlecher Verwaltung, haut e Verwaltungsgebai vun der Verbandsgemeng Saarburg-Kell.[4]
De Warsberg (338 m.) ass ee vun de markantste Bierger direkt nieft der Stad Saarburg. En ass virun allem als Fräizäit- an Erhuelungsgebitt bekannt. Nieft de Wéngerten a Spadséierweeër gëtt et eng Summer-Schlittebunn, e Camping mat Vakanzenzenter a Restauranten. Vum Stadzentrum aus kann ee mat engem Sessellift op de Warsberg an d'Fräizäitinstallatioune fueren. Vum Bierg aus huet een eng wäit Vue iwwer d'Stad, d'Saar an d'Ëmgéigend.
Um Warsberg ass e Vullepark, eng populär Attraktioun fir d'Visiteuren. Am Mëttelpunkt sti Gräifvulle wéi Aadler, Falleken an Eilen, déi an enger Fluchschau gewise ginn. Nieft de spektakuläre Virstellunge mat Vulleflich informéiert de Park och iwwer den Naturschutz an d'Roll vun de Raubvullen am Ökosystem.[6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saarburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ 2,0 2,1 Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz (Hrsg.): Amtliches Verzeichnis der Gemeinden und Gemeindeteile. Stand: Februar 2022. S. 120 (PDF; 3,3 MB). (däitsch), gekuckt den 22. August 2025.
- ↑ Burgenatlas (AlleBurgen.de): „1756 die Burg wird als verfallen bezeichnet; Stadt Saarburg 1860 Kauf der Burg für 325 Taler“, 28. Juni 2022, gekuckt den 22. August 2025 (däitsch)
- ↑ 4,0 4,1 Stadt Saarburg : „Sehenswertes“ (däitsch) 28. Juni 2022, gekuckt den 22. August 2025. https://www.saarburg.de/geschichte
- ↑ Saarburger Standortübungsplatz wird Nationales Naturerbe (däitsch), Saarburger Zeitung, 16. Dezember 2011
- ↑ Saar-Obermosel Tourismus (däitsch): „Im Greifvogelpark Saarburg können große Greifvögel … hautnah erlebt werden. Während der spannenden Flugshow kann man die Jagdmethoden von Falken, Adlern und Bussarden beobachten und so auch noch Interessantes über die Lebensweise dazulernen.“ gekuckt den 24. August 2025.
