Kapell Hitten

Vu Wikipedia
Kapell vun Hitten
Kapell vun Hitten (2013)

Kapell vun Hitten (2013)
Kapell vun Hitten (2013)
Uertschaft / Plaz Hitten
Par Par Atertdall Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Sigismund
Baujoer 1714
Koordinaten 49° 44’ 07.5’’ N
      05° 53’ 49.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Hitten ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.

Si steet am Zentrum vun der Uertschaft op der Areler Strooss (N24) vun Näerden op Biekerech.

De Patréiner ass den hellege Sigismund, deem säi Fest den 1. Mee gefeiert gëtt. Hie soll Schutz viru Féiwer a schlechtem Gehéier bréngen.

Zur fréierer Par Biekerech huet ausser der Kapell zu Hitten och nach d'Parkierch vu Biekerech, d'Helleg Kräiz-Kapell um Kuelebierg zu Biekerech an d'Kapell zu Liewel gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell ass aus dem Joer 1714. Iwwer der Dier an op der Dier selwer erkennt een d'Buschtawen IHS, déi entweeder op Latäin fir "in hoc salus" (an dësem Fall als Grouss ze verstoen) oder fir "Jesus, Heiland, Seligmacher" stinn.

Iwwer dem Altor stinn 2 Statue vum hellege Sigismund a vum hellege Wendelin. D'Statue si vum Nic. Greef-Greisch respektiv vu sengem Fils Péitruss vun Altwis.

Ufanks 2015 gouf déi al Entréesdier, bei där d'Holz vermuuscht war a Buschtawe gefeelt hunn, ersat.

Zenter Abrëll 2020 ass d'Kapell nees fir jiddwereen all Dag zougänglech..

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 255-257

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Hitten – Biller, Videoen oder Audiodateien