Par Atertdall Sainte-Claire
D'Par Atertdall Sainte-Claire ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 17 fréier Pare Biekerech, Biebereg, Bëschrued, Kolpech, Ell, Ielwen, Groussbus, Nojem, Nidderpallen, Uewerpallen, Osper, Réiden op der Atert, Randschelt, Rued, Useldeng, Viichten a Wal.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Biekerech, Ell, Groussbus-Wal, Préizerdaul, Réiden op der Atert, Useldeng a Viichten .
D'Patréinesch vun der Par ass d'helleg Klara.
D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg