Op den Inhalt sprangen

Bëschrued

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bëschrued
Vue op Bëschrued
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Buschrodt
de: Buschrodt
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Groussbus-Wal
Buergermeeschter Paul Engel
Awunner 121
  1. Januar 2022
Héicht 383 m
Koordinaten 49° 49’ 35’’ N
      05° 55’ 58’’ O

Bëschrued ass eng Uertschaft an der Gemeng Groussbus-Wal. Se läit um CR307, op hallwem Wee tëscht Groussbus a Wal.

Zu Bëschrued gouf et an der Zäit fënnef Millen, déi vun der Bëschréiderbaach ugedriwwe goufen. D'Kierchemille gouf schonn am Joer 896 als Besëtz vum Klouschter Sankt Maximin vun Tréier ernimmt; se huet bis 1955 funktionéiert.

Virum 1. September 2023 huet Bëschrued zu der Gemeng Wal gehéiert, déi du mat der Gemeng Groussbus zu der neier Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert huet.

Perséinlechkeete vu Bëschrued

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Bëschrued – Biller, Videoen oder Audiodateien