Gemeng Wal
| Gemeng Wal | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Wal | |
| An anere Sproochen |
fr: Wahl de: Wahl |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Réiden |
| Gemeng | Kanton Réiden |
| Chef-lieu | Wal |
| Awunner | 1.087 |
| 1. Januar 2023 | |
| Fläch | 1.974 ha |
| Héicht | 448 m |
| Koordinaten |
49° 50’ 09’’ N 05° 54’ 20’’ O |
| LAU-Code | LU0710 |
| Websäit | http://www.wahl.lu/ |
|
D'fréier Gemeng Wal (orange) am Kanton Réiden (rout) | |
|
| |

D'Gemeng Wal war bis den 31. August 2023 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden.
De Chef-lieu war d'Uertschaft Wal, vun där se den Numm hat.
Op den 1. September 2023 ass se mat der Gemeng Groussbus zu der neier Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Brattert (Brattert)
- Bëschrued (Buschrodt)
- Gréiwels (Grevels)
- Heeschpelt (Heispelt)
- Kéiber (Kuborn)
- Randschelt (Rindschleiden), déi klengst Uertschaft aus dem Land.
- Wal (Wahl)
Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wal ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Mam Gesetz vum 11. Januar 1957 si ronn 13 ha Terrain vun der Gemeng ofgespléckt a bei d'Gemeng Groussbus geprafft ginn[1].
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: écartelé, au I et IV burelé d'argent et d'azur, au lion de gueules armé et lampassé d'or brochant, aux II et III burelé d'argent et de gueules. À la croix de sable brochant sur l'écartelé, chargée en abîme d'une croix tréflée d'or ornée de cinq rubis de gueules. |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Fusioun
[änneren | Quelltext änneren]2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Groussbus ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[2]. Zu Wal hunn 62,25% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (a 74,42% dofir zu Groussbus)[3],[4].
De Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng Groussbus-Wal gouf scho bei de Gemengewale vum 11.Juni 2023 gewielt.[5]
D'Fusioun ass zanter dem 1. September 2023 a Kraaft.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Wal gouf nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- ... – 2011: Jean Ferber
- 2011 – 2018: Marco Assa
- 2018 – 2023: Christiane Thommes-Bach
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- D'Geschicht vu Wahl, erausgi vum "Club des Jeunes Wahl", 1977
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wal war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Wal – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Gemeng Wal op der Websäit vum Syvicol
- Säit vun de Primärschoulen aus der Gemeng Wal
- "Trëppeltour laanscht d'Kräizer an d'Kapellen an der Gemeng Wahl". De kompletten Text aus der Broschure: Gréiwelser Pompjeën 1919-1994
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 11 janvier 1957, portant incorporation dans le territoire de la commune de Wahl de certains terrains appartenant aux communes de Heiderscheid et de Grosbous. data.legilux.public.lu (11.01.1957). Gekuckt den 19.07.2026.
- ↑ John Lamberty: "2021: Grosbous und Wahl hoffen auf Ja-Wort der Bürger." wort.lu, 02.01.2021.
- ↑ Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
- ↑ (lb) Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt den 28.06.2021.
- ↑ (de) Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (04.03.2022) Archivéiert de 04.03.2022. Gekuckt de 04.03.2022.

