Gemeng Ell
| Gemeng Ell | |
|---|---|
|
| |
|
D'Märei vun Ell | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Ell de: Ell |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Réiden |
| Gemeng | Kanton Réiden |
| Chef-lieu | Ell |
| Buergermeeschter | Claude Schmit |
| Awunner | 1.668 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 2.169,259 ha |
| Héicht | 281 m |
| Koordinaten |
49° 45’ 49’’ N 05° 51’ 21’’ O |
| LAU-Code | LU0703 |
| Websäit | http://www.ell.lu/ |
|
D'Gemeng Ell (orange) am Kanton Réiden (rout) | |
|
| |
D'Gemeng Ell ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Ell vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ell läit am Weste vum Land, am Kanton Réiden, laanscht d'belsch Grenz. D'Grenz tëscht Guttland an Éislek geet queesch duerch d'Uertschaft Rued, an deemno och d'Gemeng.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ell ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[3]: Burelé d'argent et d'azur à la bordure de sable, chargé en cœur d'un écusson de gueules au chevron d'argent accompagné en pointe d'une croix ancrée du même. D'Gebitt vun der haiteger Gemeng huet fréier aus zwou Seigneurië bestanen: Kolpech an Ell, där hir Geschicht zur Gestaltung vum Gemengewopen bäigedroen huet. De Burrelé ass dee vun der Famill Lëtzebuerg (burelé d'argent et d'azur au lion de gueules armé, lampassé et couronné d'or), déi déi ursprénglech Besëtzer vun de Lännereie waren, déi méi spéit zur Herrschaft Kolpech goufen. Gläichzäiteg erënnert de Burrelé un dee vun der Famill vun Useldeng (burelé d'argent et de gueules), déi eng Zäit laang d'Häre vu Kolpech waren. De schwaarze Bord weist op den Haaptemail vun de Wope vun engersäits der Famill vu Bergh hin (de sable à la bande vivrée d'argent), Häre vu Kolpech vum 15. bis an d'17. Joerhonnert, an anersäits der Famill Marchant vun Aansebuerg (écartelé; aux I et IV d'argent au lion de sable armé et couronné dor, aux Il et III d'argent à une herse ara- toire de sable), Häre vun Ell vun der Mëtt vum 17. Joerhonnert bis zum Enn vum Ancien Régime. D'Häerzschëld ass vum urspréngleche Wope vun de Famillje vu Kolpech (d'argent à l'écusson de gueules) a vun Ell (warscheinlech d'argent à l'écusson de gueules, au bâton d'azur en bande brochant). De Wénkel staamt aus dem Wope vun der Famill vu Pfortzheim (de sable au chevron d'argent accompagné en chef de deux étoiles à six rais d'argent, en pointe d'une main armée d'argent empoignant un feu de gueules), Häre vu Kolpech um Enn vum Ancien Régime. D'Ankerkräiz erënnert schliisslech un d'Famill vu Sterpenich (de gueules à la croix ancrée d'argent, chargé en chef d'un lambel à cing pendants d'azur), warscheinlech d'Grënner vun der Herrschaft Ell, gradewéi un d'Famill vun Hondeleng (ďor à la croix ancrée d'azur chargée en cœur d'une tête et col de lévrier d'argent colleté d'or (heiandsdo: de gueules)), Häre vun Ell vum Enn vum 14. bis zum 16. Joerhonnert. |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ell ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Stroossennimm an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Den 13. Februar 2006 huet de Gemengerot decidéiert, alle Stroossen an der Gemeng e lëtzebuergeschen Numm ze ginn. Zanter dem 1. Mee 2006 un hunn all d'Stroossen e lëtzebuergeschen Odonym, woubäi déi lokal Schreifweis vun den Uertschafte bäibehale gouf (z. B. Beekerich, amplaz vu Biekerech).
- Beispiller[8]:
| Uertschaft | neien Numm | alen Numm |
|---|---|---|
| Uewerkolpech | Aline an Emile Mayrischstrooss | Rue Aline et Emile Mayrisch |
| Ell | An de Wisen | Rue des Prés |
| Ell | Areler Strooss | Route d'Arlon |
| Ell | Beekericher Strooss | Rue de Beckerich |
| Nidderkolpech | Eller Strooss | Rue d'Ell |
| Nidderkolpech | Grendeler Strooss | Rue de Grendel |
| Rued | Haaptstrooss | Rue Principale |
| Kleng Elchert | Héiltzer Strooss | Route de Holtz |
| Rued | Hueschterter Strooss | Rue de Hostert |
| Ell | Knuppebierg | Rue de Colpach-Haut |
| Ell | Nojener Strooss | Rue de Nagem |
| Kleng Elchert | Noutemer Strooss | Rue de Nothomb |
| Nidderkolpech | Uewerkoulbicher Strooss | Rue de Colpach-Haut |
| Nidderkolpech | Uewerpallener Strooss | Rue d'Oberpallen |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- S. Berbeć. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Ell S. 121-156).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch vun Ell
- Schlass Ell
- Schlass Kolpech
- Park vum Schlass Kolpech
- Naturpark Uewersauer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ell

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Ell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 87 (fr).
- ↑ Bürgermeister von Ell demissionierte. In: Tageblatt, nº 84 (11.04.1975), p. 16 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Ell : Robert Roder neuer Bürgermeister. In: Tageblatt, nº 269 (21.11.1975), p. Seite 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Nadine Schartz: "Vier Bürgermeister aus Majorzgemeinden treten nicht mehr an." wort.lu [w+], 28.04.2023.
- ↑ De Claude Schmit gouf zum neie Buergermeeschter vun Ell gewilet. rtl.lu, 16.07.2026.
- ↑ (fr) Registre national des adresses. services-publics.lu. Gekuckt den 02.08.2020.

