Op den Inhalt sprangen

Schlass Kolpech

Vu Wikipedia
Schlass Kolpech
D'Kolpecher Schlass (2014)
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ell
Plaz Nidderkolpech
Adress Rue d’Ell, L-8527 Kolpech
Koordinaten 49°45'28"N, 5°49'32"O
Statut Klasséiert Monument


D'Schlass Kolpech ass e Schlass am Park zu Nidderkolpech an der Gemeng Ell, 1 km ewech vum Zesummefloss vun der Koulbich an der Atert.

Et war am Ufank eng mëttelalterlech Nidderbuerg nom Modell vum Schlass Ell an dem Schlass Iewerleng. Fir d'éischt ernimmt gëtt d'Schlass Kolpech 1303 als " masure... en la ville et en finage de Coilebach la desoutraine".

Vu 1628 bis 1817 huet d'Schlass der Famill vu Pforzheim gehéiert, déi dra gewunnt huet. Si huet am Laf vum 18. Joerhonnert d'Grief zougetippt an d'Schlass gouf nei ageriicht.

Am 19. Joerhonnert huet et de Barone vu Marches gehéiert, déi am Schlass vu Guirsch hire Wunnsëtz haten a Kolpech als Bauerewiese verwalt hunn. Géint 1870 huet de Baron Édouard de Marches[1] ronderëm e Park uleeë gelooss, deen haut nach besteet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Park vum Schlass Kolpech.

1874 huet seng Wittfra d'Cécile Papier, sech eng zweet Kéier bestuet, an zwar mam ungaresche Moler Mihály Munkácsy. Si hunn d'Kolpecher Schlass als hir Summerresidenz ëmgebaut an do eng Veranda an en Tiermche bäibaue gelooss, an hunn do bis 1897 hir Summere verbruecht - am Wanter hu se zu Paräis gelieft. 1886 war de Franz Liszt, just ier e gestuerwen ass, zu Kolpech op Besuch, wou hien de 7. Juli e Pianosrezital ginn huet.[2]

No 1900 huet d'Cécile Papier, déi eng zweet Kéier Wittfra gi war, sech ëmmer méi vu Kolpech zeréckgezunn. Si ass 1915 gestuerwen.

1917 hunn den Arbeds-Direkter Émile Mayrisch a seng Fra, d'Aline de Saint-Hubert, d'Schlass kaaft a sinn duer wunne gaangen. Si hunn am Schlass an der Tëschekrichszäit eng ganz Rëtsch politesch a kënschtleresch Perséinlechkeeten empfaangen, dorënner de Walter Rathenau, den André Gide, de Paul Desjardins, de Jacques Rivière, den Otto Bartning, den Théo van Rysselberghe, asw.

1947 huet d'Aline Mayrisch d'Schlass dem Lëtzebuergesche Roude Kräiz, a Form vun enger Stëftung, der Fondation Émile Mayrisch, vermaach, déi do e Sanatorium ageriicht huet.

2002 gouf d'Schlass mat sengen Annexen, dem Päerdsstall, Gäert, Parken, Wisen a Bëscher; an och de Statuen a Monumenter, déi do stinn, op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[3].

An den 2000er Jore goufen nei Gebaier fir d'Fondatioun nieft dem Schlass opgeriicht. 2010 sinn déi Leit, déi bis dohin am Schlass gewunnt hunn, an déi nei Gebailechkeete geplënnert and d'Schlass steet zënterhier eidel. Pläng, et ëmzebauen an nei Fonctiounen dran anzeriichten, konnte bis ewell wéinst engem Manktem u finanzielle Mëttelen net realiséiert ginn (Stand: Juli 2015).[4].

  • Goetzinger, Germaine, 2004. Colpach: ein Ort deutsch-französischer Begegnung zur Zeit der Weimarer Republik. Bibliotheks- und Informationssystem der Universität Oldenburg. 33 S. In: Vorträge, Reden, Berichte der Bibliotheksgesellschaft Oldenburg 42, Oldenburg.
  • Kohnen, Joseph, 2007. Le site de Colpach depuis les débuts jusqu'à l'avènement des Mayrisch (1917). Galerie: revue culturelle et pédagogique 25, n° 2: 205-228. Differdange.
  • Schoellen, Marc, 2008. Colpach - un guide touristique. Cercle des amis de Colpach. 26 p. Kremer-Muller, Foetz.
  • Stumper, Robert (Ed.), 1978. Colpach. 292 p., 2e éd., revue et augm. Impr. Victor Buck, Luxembourg. [éd. par un groupe d'amis de Colpach]
  • Wilhelm, Frank, 2007. Colpach et ses hôtes de 1918 à 1947: un laboratoire d'idées culturelles et politiques, un atelier de création littéraire comme objet de recherches scientifiques. Galerie: revue culturelle et pédagogique 25/2: 253-288. Differdange.
Commons: Schlass Kolpech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den Edouard de Marches, den 1. Abrëll 1820 zu Nidderkolpech gebuer, krut 1868 per Gesetz d'Lëtzebuerger Nationalitéit. Cf. Loi du 14 mai 1868 qui accorde la naturalisation au Sieur Edouard de Marches de Colpach-bas.
  2. Concert Franz Liszt au Château de Colpach. Luxemburger Wort vum 24. Juni 2016, S. 13.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  4. John Lamberty: "Viel Geschichte, wenig Geld." In: Luxemburger Wort, 24. Juli 2015, S.26.