Cécile Papier

Vu Wikipedia
Cécile Papier
Bildnis der Frau von Munkácsy vum Hans Makart.
Gebuer 5. Mee 1845
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Mäerz 1915
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Promi

D'Cécile Papier, gebuer de 5. Mee 1845 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 8. Mäerz 1915, war eng lëtzebuergesch Damm aus der besserer Gesellschaft ("socialite") an der Zäit vun der Belle Époque.

D'Cécile Papier war d'Duechter vum Charles-Ernest Papier a senger Fra Marguerite Valerius. Hire Papp koum aus enger Famill vu Schmelzdirekteren, déi zanter dem 17. Joerhonnert am Herzogtum an dono am Groussherzogtum Lëtzebuerg aktiv waren.

Si war fir d'éischt mam Henri Edouard, Baron de Marches, bestuet, mat deem si zesummen am Kolpecher Schlass an an hirem Paräisser Stadhaus gewunnt hunn. Si si vill doruechter gereest an hu jonk talentéiert Kënschtler ënnerstëtzt, dorënner den ungaresche Moler Mihály Munkácsy.[1]

Nom fréizäitegen Doud vun hirem Mann huet d'Cécile Papier sech de 5. August 1874 zu Ell mam Mihály Munkácsy bestuet.

Ënnert de Gäscht, déi se reegelméisseg zu Paräis oder zu Kolpech empfaangen hunn, ware Familljemembere vun der Famill Bian-Brasseur, Regierungsmembere wéi de Premierminister Paul Eyschen, d'Komponiste Franz Liszt, Anton Rubinstein, Charles Gounod, Jules Massenet, Charles-Marie Widor, Ignacy Jan Paderewski (spéidere President vu Polen), Camille Saint-Saëns, Alexander Campbell Mackenzie a warscheinlech och de Richard Wagner; de President a Premierminister vu Frankräich Raymond Poincaré; Ambassadeure wéi de Frédéric de Pourtalès an de Camille Armand Jules Marie, Prince de Polignac; Schrëftsteller wéi den Anatole France, den Alphonse Daudet, den Alexandre Dumas Fils oder den Émile Zola. Weider hate si Industrieller op Besuch wéi de Ferdinand de Lesseps, deen de Suez-Kanal baue gelooss hat, den Zeitungsediteur Joseph Pulitzer an de Journalist Édouard Hervé.[2],[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Claude Loutsch: "La famille Papier. Famille de Madame de Munkacsy.", in: Munkácsy et le Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 1996, p.123-134.
  2. Guy May: "'Die Bürde der Berühmtheit tragen wir beide'." In: Liszt bei Munkacsy in Luxemburg. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 1996, p.71-120.
  3. Jules Mersch: Madame de Munkacsy 1845-1915. Bibliographie luxembourgeoise, op luxemburgensia.bnl.lu.