Joseph Pulitzer

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Joseph Pulitzer

De Joseph (och alt József) Pulitzer, gebuer den 10. Abrëll 1847 zu Makó, an Ungarn, a gestuerwen den 29. Oktober 1911 zu Charleston, a South Carolina, war en ungaresch-amerikanesche Journalist an Editeur vu Bicher an Zeitungen. Hien huet deen no him genannte Pulitzer-Präis gestëft.

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Pulitzer war de Jong vun engem ungaresch-jiddeschen Händler an enger streng kathoulescher däitscher Mamm. Hien ass 1864 iwwer Boston an d'USA ausgewandert, well en do an d'Arméi wollt, a war du bis zum Enn vum Sezessiounskrich am 1. New Yorker Kavallerie-Regiment. 1867 krut hien déi amerikanesch Nationalitéit. Hien huet Englesch geléiert an e Studium am Droit absolvéiert. 1868 gouf hien zu St. Louis am Missouri Reporter bei der däitschsproocheger Westlichen Post. 1871 gouf en Editeur a Matbesëtzer vun där Zeitung. 1873 huet en do opgehalen a gouf Korrespondent bei der New York Sun. 1878 huet en den St. Louis Evening Dispatch opkaf an en 1881 mat der Post zum St. Louis Post-Dispatch fusionéiert.

1883 huet en d'New York World opkaaft, déi sech ënner senger Direktioun an den nächsten zéng Joer zu enger vun de wichtegsten an aflossräichsten Zeitungen am Land (mat enger Oplo vu 600.000 Exemplairen) entwéckelt huet. Seng Aarbecht, an och déi haart Konkurrenz mat aneren Zeitungen, hunn en dozou bruecht, 1890 mat 43 Joer, a bal ganz blann, als Editeur opzehalen. 1895 koum an der World e faarwege Comic-Strip vum Zeechner Richard F. Outcault eraus, mat den Aventurë vun engem Jong mat engem giele Läpp. D'Serie gouf no him The Yellow Kid genannt − an deen Numm huet sech op d'"Yellow-Press" iwwerdroen, bis haut e gängegen Numm fir d'Sensatiounspress.

1895 huet de William Randolph Hearst den New York Morning Journal opkaaft an dem Pulitzer säi Stil vun dacks sensationellem Journalismus nogemaach. 1896 bis 1898 war d'Konkurrenz mam Pulitzer senger World sou staark, datt een deen anere mat Sensatiounsreportagen z'iwwerbidde probéiert huet. Dobäi hunn notamment hir Reportagen iwwer den Onofhängegkeetskampf vu Kuba zu enger esou negativer Stëmmung géint déi spuenesch Kolonialmuecht am Land gefouert, datt de Kongress schliisslech enger Krichserklärung vum President William McKinley zougestëmmt huet.

Nom Spuenesch-Amerikanesche Krich, dee véier Méint gedauert huet, huet d'World sech vum Sensatiounsjournalismus lassgemaach, a sech op den investigative Journalismus konzentréiert. 1909 huet si esou e Korruptiounsskandal ronderëm de Panamakanal opgedeckt, woubäi d'USA ënnert dem President Theodore Roosevelt 40 Milliounen US-Dollar un d'French Panama Canal Company ausbezuelt haten. De Pulitzer gouf doropshi vum Roosevelt an dem Banquier J. P. Morgan wéinst Calomnie verklot, gouf awer fräigesprach. Dës Victoire vum fräie Journalismus huet staark zu senger Popularitéit bäigedroen.

1869 gouf de Pulitzer, als Member vun der Republikanescher Partei an d'Parlament vu Missouri gewielt. 1885 gouf en Deputéierte vum US-Representantenhaus.

De Pulitzer huet a sengem Testament enger Stëftung 2 Milliounen Dollar iwwerdroen, fir eng Journalisteschoul ze grënnen. Dës vergëtt zënter 1917 all Joers de Pulitzer-Präis.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Katja Behling: Trophäe der Publizisten. Der Mann hinter der Auszeichnung. In: Aufbau. Heft 11, 2008, S. 15–17.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Pulitzer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Joseph Pulitzer – Zitater