Brasseur (Famill)

Vu Wikipedia

D'Famill Brasseur ass eng Famill zu Lëtzebuerg, déi an der zweeter Hallschecht vum 19. an uganks vum 20. Joerhonnert eng wichteg Roll an der Politik an an der Industrie gespillt huet.

Se geet op den Dierwiechter Alexis Brasseur (1775-1841) vun Esch-Uelzecht zeréck, deen 13 Kanner aus zwee Bestietnesser hat: mat der Marie-Marguerite Schneider (1771-1818) an du mat der Marie-Anne Schockmel (1794-1873).

Ënner dëse Kanner waren de Jean-Baptiste Brasseur, e Mathematiksprofesser op der Universitéit Léck; den Hubert Brasseur, e Geschichtsprofesser op der Universitéit Gent; den Dominique Brasseur, e liberale Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, an de Pierre Brasseur, deen am Minett mat ee vun den éischte bei der Entwécklung vun der Stolindustrie war (kuckt och: Brasseurs Schmelz).

De Pierre Brasseur huet sech mat der Hélène Wurth, enger Duechter vum fréiere Minister François-Xavier Wurth-Paquet bestuet. Ënnert de 5 Kanner vun der Koppel war de Xavier Brasseur, en Affekot a sozialisteschen Deputéierten an der Chamber. De Xavier war mat der Jeanne de Saint-Hubert, der Sëschter vun der Aline Mayrisch de Saint-Hubert bestuet, an e krut sou den Arbedspresident Émile Mayrisch als Schwoer.[1]

Den Dominique Brasseur huet sech mat senger Niess Constance Brasseur bestuet, der Duechter vu sengem Hallefbrudder Jean-Baptiste. Si hate 5 Kanner[2] dorënner de Robert Brasseur, e Politiker an Deputéierte vun der Liberaler Liga, an den Industriellen, Schrëftsteller a Komponist Alexis "Lexi" Brasseur.[3]

D'Konsenge Xavier a Robert goufe politesch Rivalen, a verschiddene Parteien. Dobäi koum, datt d'Jeanne 1910 vum Xavier gescheet gouf an 1914, zwee Joer nom Doud vun hirem Ex-Mann, de Robert bestuet huet.[4]

Stammbam[änneren | Quelltext änneren]

Onvollstännege Stammbam. De Familljennumm ass Brasseur, wann net anescht uginn.


Catherine Paquet
1806–1876
 
François-Xavier Wurth
1801–1885
 
Marie-Anne Schockmel
1794–1873
 
Alexis Brasseur
1775–1841
 
Marie-Marguerite Schneider
1771–1818
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Jean-Baptiste
1802–1868
 
Thérèse Grosfils
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Hélène Wurth
1838–1911
 
Pierre
1832–1918
 
6 weider Kanner, dorënner
den Hubert
 
Dominique
1833–1906
 
Constance
1836–1912
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
4 weider Kanner
 
Xavier
1865–1912
 
Jeanne de Saint-Hubert
1873–1959
 
Robert
1870–1934
 
Alexis
1860–1924
 
4 weider Kanner
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Georges
1894–1966
 
Yvonne
 
 
 
 
 
 
 

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mersch (1959), p. 68
  2. Mersch (1959), p. 90
  3. Mersch (1959), p. 108
  4. Mersch (1959), p. 105