François-Xavier Wurth-Paquet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De François-Xavier Wurth-Paquet, gebuer de 16. Abrëll 1801 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 4. Februar 1885, war e lëtzebuergesche Jurist, Politiker an Historiker.

Hien huet zu Léck Droit studéiert a gouf duerno noeneen Affekot, Riichter, Procureur an 1848 President vum Ieweschte Geriicht.

Hie war vum 6. Oktober 1858 bis de 4. Februar 1885 Member vum Staatsrot.[1] De François-Xavier Wurth-Paquet war vum 16. Februar 1870 bis de 16. Februar 1871 President vun där Institutioun.[2]

Hie war vun 1845 bis 1848 Member [3] vun der Assemblée des États an 1848, als Gewielte vum Kanton Esch-Uelzecht, Member [4] vun der Assemblée constituante. Als Generaldirekter fir Justiz a "bannenzeg Ugeleeënheeten" war hie vun 1853 bis 1858 an der Regierung Simons a verschiddenen Zesummesetzungen.

1885?? ass hie Member vun enger Regierungskommissioun fir den Ënnerhalt vun den Archive ginn.

1845 war hien ee vun de Grënnungsmembere vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi spéider d'historesch Sektioun vum Institut grand-ducal sollt ginn. Vun 1845 bis 1853 a vun 1876 bis 1885 war hie President vun der "Archeologescher Gesellschaft". An de Publikatioune vun dëser Gesellschaft huet hien en Inventaire vun den ale Lëtzebuerger Dokumenter gemaach, an och Extraiten dovu publizéiert. 18.000 Dokumenter huet hien sou ënnersicht, dobäi koumen Ofschrëfte vu ronn 60.000 Dokumenter aus dem Ausland. Fir no sengem Doud hat hien dës Sammlung dem Institut vermaach. Och beim Opbau vun deem, wat spéider de Staatsmusée sollt ginn, huet hie matgeschafft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot um Site vum Staatsrot
  2. Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot um Site vum Staatsrot
  3. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 532
  4. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 533