Regierung Simons

Vu Wikipedia
De Mathias Simons, President vum Regierungsconseil vun 1853 bis 1860

D'Regierung Simons war vum 23. September 1853 bis de 26. September 1860 zu Lëtzebuerg am Amt. An där Zäit koum et zu enger Rëtsch personellen an organisatoresche Reorganisatiounen.

Mam Arrêté royal grand-ducal vum 9. Juli 1857 gouf festgehalen, wéi d'Lëtzebuerger Regierung organiséiert ass[1]. All zukünfteg Regierunge goufen op der Basis vun deem Arrêté gebilt, bis datt et 2023 op Basis vum Artikel 92 vun der neier Verfassung[2] zu enger Ännerung koum, an d'Regierung vun deem Moment un iwwert d'internt Reglement vun der Regierung organiséiert gëtt.

Zesummesetzung vun der Regierung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 22. September 1853 bis den 22. September 1854[änneren | Quelltext änneren]

Mam Arrêté grand-ducal vum 22. September 1853 ginn déi fënnef follgend Generaladministratioune festgehalen[3]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert och: Affaires militaires et cultes
  2. Justice, dozou gehéiert och: Instruction publique
  3. Intérieur, dozou gehéiert och: Affaires communales
  4. Travaux publics, dozou gehéiert och: Agriculture, industrie et commerce
  5. Finances

Follgend Leit ginn doropshin nominéiert.

Vum 22. September 1854 bis den 21. Mee 1856[änneren | Quelltext änneren]

Édouard Thilges

Et gëtt e Changement wat d'Regierungsdepartementer ugeet, andeems Travaux publics mat Affaires communales ersat gëtt a bei den Administrateure gëtt den M. Wellenstein mam E. Thilges ersat. D'Regierung gesäit elo esou aus[6]:

  • Mathias Simons: President vum Regierungsconseil, Administrateur général fir Aussebezéiungen
  • François-Xavier Wurth: Administrateur général fir Justiz
  • Vendelin Jurion: Administrateur général fir den Interieur
  • Emmanuel Servais: Administrateur général vun de Finanzen
  • Édouard Thilges: Administrateur général fir Gemengenaffären

Vum 21. Mee 1856 bis den 2. Juni 1857[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Mee 1856 ginn d'Gemengenaffären bei den Interieur geprafft an déi nei Regierung ass esou opgestallt[7]:

  • Mathias Simons: President vum Regierungsconseil, Administrateur général fir Aussebezéiungen
  • François-Xavier Wurth: Administrateur général fir den Interieur
  • Emmanuel Servais: Administrateur général vun de Finanzen
  • Charles-Gérard Eyschen: Administrateur général vun der Justiz
  • Paul de Scherff: Administrateur général vun den Ëffentlechen Aarbechten.

Vum 2. Juni 1857 bis den 29. November 1857[änneren | Quelltext änneren]

De Portefeuille vun der Eisebunn gëtt temporär vun den Travaux publics ewechgeholl a kritt eng eegen Administratioun, ënnert dem Paul de Scherff. En neien Administrateur général, de Guillaume M. Augustin, iwwerhëlt d'Ëffentlechen Aarbechte vum de Scherff[8]. D'Zesummesetzung vun der Regierung ass vun deem Moment un esou:

  • Mathias Simons: President vum Regierungsconseil, Administrateur général fir Aussebezéiungen
  • François-Xavier Wurth: Administrateur général fir den Interieur
  • Emmanuel Servais: Administrateur général vun de Finanzen
  • Charles-Gérard Eyschen: Administrateur général vun der Justiz
  • Paul de Scherff: Administrateur général vun der Eisebunn
  • Guillaume-Mathias Augustin: Administrateur général vun den Ëffentlechen Aarbechten.

Vum 29. November 1857 bis den 12. November 1858[änneren | Quelltext änneren]

De Mathias Simons, bis elo „President vum Regierungsconseil“, kritt den Titel vun „Staatsminister“; de Wurth-Paquet an den Augustin, bis dohin allebéid „Administrateur général“, ginn „Generaldirekter“ ernannt[9]. De Servais, den Eyschen an den de Scherff hunn demissionéiert, woubäi de leschtgenannten d'Eisebunn awer nach weiderhi provisoresch leet[10].

Déi eenzel Servicer ginn nei verdeelt a forméieren elo dräi Generaldirektiounen: „Aussebezéiungen“ (affaires étrangères), „Bannenzeg Ugeleeënheeten“ (intérieur) an „Justiz a Finanzen“ (justice et finances)[11]

D'Regierung setzt sech esou zesummen:

  • Mathias Simons: Staatsminister, President vum Regierungsconseil, Generaldirekter fir Aussebezéiungen[12]
  • François-Xavier Wurth: Generaldirekter fir den Interieur[12]
  • Guillaume-Mathias Augustin: Generaldirekter fir Justiz a Finanzen[12]
  • Paul de Scherff: provisoresch (bis de 05.02.1858[13]) Administrateur général vun der Eisebunn (mat Stëmmrecht am Conseil[10])

No enger neier Demande vum de Scherff gëtt hien d'Verantwortung iwwer d'Eisebunn de 5. Februar 1858 definitiv op[13]; d'Eisebunn fält nees an d'Kompetenz vun den Ëffentlechen Aarbechten[14].

De François-Xavier Wurth huet den 29. September 1858 demissionéiert[15]; säi Portefeuille ass awer eréischt den 12. November 1858 nei besat ginn.

Vum 12. November 1858 bis den 23. Juni 1859[änneren | Quelltext änneren]

Jean Ulveling

De Jean Ulveling kënnt als neie Generaldirekter an d'Regierung[16] an iwwerhëlt dem demissionäre F-X Wurth säi Ressort.

D'Regierung gesäit elo esou aus:

  • Mathias Simons: Staatsminister, President vum Regierungsconseil, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Guillaume-Mathias Augustin: Generaldirekter fir Justiz a Finanzen
  • Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Interieur

Vum 23. Juni 1859 bis de 15. Juli 1859[änneren | Quelltext änneren]

Den Arrêté royal grand-ducal vum 23. Juni 1859 verdeelt verschidde Portefeuillë provisoresch un aner Regierungsmemberen[17]:

  • Mathias Simons: Staatsminister, President vum Regierungsconseil, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, provisoresch och zoustänneg fir Justiz a Ëffentlechen Aarbechten
  • Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Interieur, provisoresch och zoustänneg fir Finanzen

Vum 15. Juli 1859 bis de 26. September 1860[änneren | Quelltext änneren]

D'Generaldirektioun „Justiz a Finanzen“ gëtt reorganiséiert a verschidde Servicer gi provisoresch anescht verdeelt[18]. Den É. Thilges gëtt neie Generaldirekter[19] an d'Kompetenzen an der Regierung sinn elo:

  • Mathias Simons: Staatsminister, President vum Regierungsconseil, Generaldirekter fir Aussebezéiungen,
  • Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
  • Édouard Thilges: Generaldirekter fir den Interieur an d'Justiz

Aus gesondheetleche Grënn ass de Staatsminister Mathias Simons Enn September 1860 vu senge Funktiounen zeréckgetrueden[20]; och den Édouard Thilges huet demissionéiert[21].

Politesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems d'Regierung Willmar op Drock vum Kinnek-Groussherzog Wilhelm III. ofgesat gi war, ass ënner dem Charles-Mathias Simons eng konservativ-reaktionär Regierung vun der Reaktiounsära gebilt ginn.

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptakzent vum Simons senger Aussepolitik war, fir déi gutt Relatiounen déi sengerzäit mam Däitsche Bond, mat Preisen an Holland bestanen hunn an déi ënner der Regierung vum Willmar staark gelidden haten, nees an d'Rei ze bréngen. Den Traité mam Däitschen Zollveräin deen zanter dem 8. Februar 1842 bestoung, ass kuerz ier en ofgelaf ass, de 26. Dezember 1853 verlängert ginn.

D'Verhandlungen iwwer d'Bedeelegung vum Groussherzogtum beim Remboursement vun de Staatsscholde vum fréiere Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden sinn nees opgeholl ginn an am Géigenzuch huet Holland den diplomatesche Schutz vun de lëtzebuergesche Bierger am Ausland erëm assuréiert.

Innepolitik[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 9 juillet 1857, portant organisation du Gouvernement grand-ducal. data.legilux.public.lu (09.07.1857). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  2. (fr)CONSTITUTION du GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  3. (fr)ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 22 septembre 1853, portant organisation de cinq administrations générales et répartition entreelles des différents services publics (22.09.1853). Gekuckt de(n) 22.11.2023.
  4. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1853 par lequel le sieur Simons est nommé aux fonctions d'administrateur-général Président du Conseil des Administrateurs-généraux. data.legilux.public.lu (22.09.1853). Gekuckt de(n) 22.11.2023.
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1853 portant nomination des sieurs Wurth, Jurion, Wellenstein et Servais, aux fonctions d'Administrateurs-généraux. data.legilux.public.lu (22.09.1853). Gekuckt de(n) 22.11.1853.
  6. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1854, qui répartit les services publics entre cinq administrations générales et charge M. Thilges de l'administration générale des affaires communales. legilux.public.lu (22.09.1854). Gekuckt de(n) 22.11.2023.
  7. Arrêté royal grand-ducal du 21 mai 1856 concernant le personnel des Administrateurs-généraux et la répartition, entre eux, des services publics. data.legilux.public.lu (21.05.1856). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  8. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 30 mai 1857 portant nomination de M. de Scherff aux fonctions d'Administrateur-général des chemins de fer et de M. Augustin aux fonctions d'Administrateur-général des travaux publics. data.legilux.public.lu (30.05.1857). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  9. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 28 novembre 1857 relatif à la formation du Gouvernement (article 1). data.legilux.public.lu (28.11.1857). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  10. 10,0 10,1 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 28 novembre 1857 relatif à la formation du Gouvernement (article 2). data.legilux.public.lu (28.11.1857). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  11. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 29 novembre 1857, portant répartition des services publics entre trois directions générales. data.legilux.public.lu (29.11.1857). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  12. 12,0 12,1 12,2 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 29 novembre 1857, désignant la direction générale dont chaque membre du Gouvernement est chargé. data.legilux.public.lu (29.11.1857). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  13. 13,0 13,1 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 5 février 1858 déchargeant définitivement le Sieur P. de Scherff de ses fonctions d'Administrateur-général. data.legilux.public.lu (05.02.1858). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  14. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 5 février 1858 qui réunit le service des chemins de fer à celui des travaux publics. data.legilux.public.lu (05.02.1858). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  15. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 29 septembre 1858 portant démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de l'Intérieur du sieur Würth-Paquet. data.legilux.public.lu (29.09.1858). Gekuckt de(n) 23.11.1858.
  16. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 12 novembre 1858 portant nomination de M. Ulveling aux fonctions de Directeur général de l'Intérieur. data.legilux.public.lu (12.11.1858). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  17. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 23 juin 1859, concernant les affaires ressortissant de la Direction générale de la justice et des finances. data.legilux.public.lu (23.06.1859). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  18. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 15 juillet 1859, concernant une nouvelle répartition des services publics entre les directions générales.. data.legilux.public.lu (15.07.1859). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  19. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 15 juillet 1859, portant nomination du Sieur Ed. Thilges aux fonctions de Directeur-général de l'intérieur et de la justice, et chargeant définitivement le Sieur Ulveling du département des finances. data.legilux.public.lu (15.07.1859). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  20. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 accordant au Sieur Simons démission honorable de ses fonctions de Ministre d'État. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
  21. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 accordant au sieur Thilges démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de l'intérieur et de la justice. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.