Regierung vun der Befreiung

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Regierung vun der Befreiung gouf den 23. November 1944 zesummegestallt, wéi d'Exilregierung, déi vu London hannescht op Lëtzebuerg koum, sech gezwonge gesinn huet, Membere vun der Unio'n, déi zanter der Befreiung duerch amerikanesch Truppen, den 10. September 1944, fir Uerdnung gesuergt hunn, mat an d'Exekutiv eranzehuelen, a sou Kriticken ze zëssen.

Den 23. Februar 1945 koumen de Staatsprocureur Robert Als an den Aide de Camp vun der Groussherzogin, de Guillaume Konsbruck dobäi, an den 21. Abrëll 1945 den Nicolas Margue, deen aus der Ëmsiidlung nees heem koum.

Ee Problem war, datt vun de 55 Deputéierte vu virum Krich der just nach 25 do waren. Déi aner ware gestuerwen, ëmgesidelt oder ënner Verdacht, kollaboréiert gehat ze hunn. D'Regierung wollt awer eréischt dann nei Chamberwalen organiséieren, wann de Krich eriwwer wier an d'Leit aus der Deportatioun nees heem komm wieren. Dofir huet se Decisiounen op Grond vun de Gesetzer vun 1938 an 1939 geholl, déi hir erweidert Pouvoiren a Krisenzäite ginn hunn. Well dëst vill Kriticke ervirgeruff huet, huet d'Regierung eng Konsultativ Assemblée op d'Bee gesat, an där nieft de verbliwwenen Deputéierten och Representante vun de Resistenzbeweegunge souzen.

Den 21. Oktober 1945 waren dann déi éischt Chamberwalen no der Liberatioun, aus deenen de 14. November d'Regierung vun der Nationaler Unioun ervirgoung.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 23. November 1944 bis den 21. Abrëll 1945[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Dupong (CSV): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (CSV): Ausseminister, Minister fir Wäibau
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung a Grouwen
  • Victor Bodson (Aarbechterpartei): Justiz- an Transportminister
  • Pierre Frieden (CSV): Minister fir Schoulerzéiung, Kultus, Konschten a Wësenschaften

Vum 23. Februar 1945 un zousätzlech:

Vum 21. Abrëll 1945 bis de 14. November 1945[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Dupong (CSV): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (CSV): Ausseminister, Minister fir Wäibau
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
  • Nicolas Margue (CSV): Minister fir Landwirtschaft (Rapatriement)
  • Victor Bodson (Aarbechterpartei): Justiz- an Transportminister
  • Pierre Frieden (CSV): Minister fir Schoulerzéiung, Kultus, Konschten a Wësenschaften
  • Robert Als: Inneminister (Epuratioun)
  • Guillaume Konsbruck: Minister fir Ravitaillement a Wirtschaft

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]