Regierung Dupong-Schaus-Bodson

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Regierung Dupong-Schaus-Bodson, ass d'Bezeechnung vun zwou Regierungen zu Lëtzebuerg, déi op Grond vu partielle Chamberwalen, deene vum 6. Juni 1948 am Süden an am Osten, an deene vum 3. Juni 1951 am Norden an am Zentrum, ëmgeännert goufen.

Dat éischt war, grad wéi och d'Regierung Dupong-Schaus, eng Koalitiounsregierung tëscht CSV a Groupement Démocratique. Si war vum 14. Juli 1948 bis den 3. Juli 1951 am Amt. Dat zweet war eng Koalitiounsregieurng aus CSV an LSAP; si huet hir Funktioune bis den 29. Dezember 1953, den Dag, wou de Pierre Dupong gestuerwen ass, ausgeübt.

Vum 14. Juli 1948 bis den 3. Juli 1951[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Dupong (CSV): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen, Aarbecht, Sozialversécherung a Grouwen, Arméiminister a.i.
  • Joseph Bech (CSV): Ausseminister, Minister fir Aussenhandel, Minister fir Wäibau
  • Eugène Schaus (Groupement Démocratique): Justiz- an Inneminister
  • Alphonse Osch (Groupement Démocratique): Minister fir Gesondheet a Krichsschied
  • Robert Schaffner (Groupement Démocratique): Minister fir Bauten an Transport (Erëmopbau)
  • Pierre Frieden (CSV): Minister fir Erzéiung, Kultus, Konschten a Wëssenschaften a Sozialhëllef
  • Aloyse Hentgen (CSV): Wirtschafts- a Landwirtschaftsminister (ass den 2. September 1950 aus Gesondheetsgrënn demissionéiert a gouf duerch de François Simon ersat)

Vum 3. Juli 1951 bis den 29. Dezember 1953[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Dupong (CSV): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen, Landwirtschaft a Krichsschied
  • Joseph Bech (CSV): Ausseminister, Minister fir Aussenhandel, Minister fir Arméi, Minister fir Wäibau
  • Pierre Frieden (CSV): Minister fir Erzéiung, Bevëlkerung a Famill, den Interieur, Gesondheet, Kultus, Konschten a Wëssenschaften
  • Victor Bodson (LSAP): Minister fir Justiz, Bauten an Transport
  • Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen a Sozialhëllef
  • Michel Rasquin (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Erëmopbau

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]