Alphonse Osch
Ausgesinn
| Alphonse Osch | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Abrëll 1909 Méischtref |
| Gestuerwen |
18. Juni 1997 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Resistenzler |
| Partei | Demokratesch Partei |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Gemengeconseiller, Member vun der Assemblée consultative vun 1945 |
| Auszeechnungen | Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne, Commandeur mat Kroun vum Ordre d'Adolphe de Nassau |
|
| |
Den Alphonse Osch, gebuer den 29. Abrëll 1909 zu Méischtref, a gestuerwen den 18. Juni 1997 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
Den Alphonse Osch, war am Krich Resistenzler an huet de GPD (déi spéider DP) matgegrënnt.
Hie war 1945 a vun 1953 bis 1954, no der Demissioun vum Ferdinand Frieden Deputéierten an der Chamber.
Hie war Minister fir ëffentlech Gesondheet a Krichsschied: vun 1947 bis 1948 an der Regierung Dupong-Schaus a vun 1948 bis 1951 an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson.
Tëscht 1952 an 1961 an tëscht 1971 an 1981 war hien am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Alphonse Osch war vun 1953 bis 1975 Direkter vun der Assurancë-Gesellschaft La Bâloise.
Gielerche
[änneren | Quelltext änneren]
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1981) [1]
Commandeur avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1951)[2]
Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1951)[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
- ↑ (de) Personalien. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 2. D'Lëtzebuerger Land (26.06.1981). Gekuckt den 22.01.2026.
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.
Kategorien:
- Lëtzebuergesch Resistenzler
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Gebuer 1909
- Gestuerwen 1997
- Membere vun der Assemblée consultative
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Commandeur avec couronne de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau
