Op den Inhalt sprangen

Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau

Vu Wikipedia
D'Plack vum Uerden, déi beim Grand-Officier a Grand-Croix lénks un der Broscht gedroe gëtt
Commandeur-Halsband vum Uerden

Den Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (am Original: (de)Herzoglich Nassauischer Militär- und Civil-Verdienst-Orden Adolphs von Nassau[1]) ass den Hausuerde vum Lëtzebuerger Groussherzoglechen Haff.

Den Uerde gouf 1858 vum Adolphe, Herzog vun Nassau, fir säin Herzogtum gegrënnt[1], ier dee méi spéit (1890) als Adolphe vu Lëtzebuerg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Den Numm vum Uerde geet zeréck op ee vu senge Virfare mam selwechten Numm, den Adolphe vun Nassau (1250 – 1298), dee vun 1292 bis zu sengem Doud Kinnek vun Däitschland war.

Nodeems d'Herzogtum an der Folleg vum Preisesch-Éisträichesche Krich vu Preisen annektéiert gouf, ass den Uerde vun 1866 un net méi vergi ginn. Wéi den Adolphe dunn 1890 Groussherzog gi war, huet hien den Uerden nees agefouert.

D'Statute vum Uerde goufe fënnef Mol g'ännert, fir d'lescht 1927, wéi déi aacht Graden, déi zënter 1909 bestanen hunn, follgend Bezeechnunge kruten:

Et gëtt 8 Grade vun deem Uerden:

  • Grand-Croix,
  • Grand-Officier,
  • Commandeur avec couronne,
  • Commandeur,
  • Officier avec couronne,
  • Officier,
  • Chevalier avec couronne,
  • Chevalier.

D'Croix d'honneur pour dames ass dem Commandeur gläichgestallt.[2]

Leit déi den Uerde kruten (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (de) Arrêté ducal du 8 mai 1858 portant institution de l'Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (archivéiert Versioun). Code administratif S. 13 (08.05.1858) Archivéiert de 24.04.2014. Gekuckt den 12.04.2025.
  2. Broschür: Distinctions honorifiques du Grand-Duché de Luxembourg erausgi vum SIP