Gaston Reinig
Ausgesinn
![]() |
Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gaston Reinig | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
17. November 1956 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Dikrecher Kolléisch, École royale militaire, Institut des hautes études de défense nationale, John F. Kennedy School of Government, École de guerre, École de l'infanterie |
Aktivitéit | Offizéier |
![]() |
De Generol (titulaire) Gaston Reinig, gebuer de 17. November 1956 zu Dikrech, war vum 15. Januar 2008 bis den 30. Januar 2013 Chef vum État-major vun der Lëtzebuerger Arméi. Hie war den Nofollger vum Colonel Nico Ries, deen an den Arméisministère versat gouf.
Virdru war de Gaston Reinig vum 28. Januar 2002 bis zu senger neier Nominatioun Kommandant vum Centre d'Instruction Militaire um Härebierg (Caserne Grand-Duc Jean).
Säin Nofollger als Chef vum État-major gouf de Mario Daubenfeld[1].
2013 krut de Gaston Reinig d'Charge vum militäresche Beroder bei der Lëtzebuerger UN-Vertriedung zu New York.
Hien ass mat der Marie-Anne Schaack bestuet an huet zwee Kanner.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet follgend Auszeechnungen an Uerde kritt:
- Offizéier am "Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau"
- Commandeur am "Ordre de la couronne de chêne"
- Commandeur am Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- "Croix d'Honneur et de Mérite militaire a Bronz
- Kräiz vir 25 Joer Déngscht
- Erënnerungsmedail un d'Bestietnes vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin
- „Verdienstkreuz am Bande des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland” (GE) (1988)
- Medail “European Community Monitor Mission”(1997)
- The Army Commendation Medal (US) (2006)
- Commandeur éischt Klass vum Ordre du Lion de Finlande
- Ordine Al Merito Della Repubblica italiana Grande Ufficiale (2009)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Biographie du Général Gaston Reinig op armee.lu (fr) archivéiert
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Wechsel an der Spitze der Armee, wort.lu, 30.Januar 2013