Härebierg

Vu Wikipedia
Härebierg
D'Kasär um Härebierg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Herrenberg
de: Herrenberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Dikrech
Buergermeeschter Charel Weiler (CSV)
Héicht 393 m
Koordinaten 49° 52’ 33’’ N
      06° 10’ 09’’ O

Den Härebierg ass e Lieu-dit an der Gemeng Dikrech.

En ass nom Flouer mam selwechten Numm genannt, enger Knupp nordëstlech vun der Uertschaft Dikrech.

Den Härebierg ass bekannt - a steet dacks als Synonym - fir d'Kasär Grand-Duc Jean, an där zanter 1955 d'Lëtzebuerger Arméi ënnerbruecht ass.

Um Plateau vum Härebierg, deen an der Moyenne eng Héicht vun 370 Meter huet, gëtt et dräi Spëtze mat enger Héicht vun 386, 387 an 394 Meter beim Waasserbaseng. Den nordwestlechen Ausleefer, mat enger Héicht vun 379 Meter, ass de Botterweck.

Op den Härebierg kënnt ee vum ënneschten Deel vum Bamerdall aus iwwer d'N7B, iwwer e Feldwee dee vun där Strooss fortgeet an nërdlech duerch d'Mäertesdellt laanscht de Botterweck eropféiert, an e Feldwee deen um Fridhaff fortgeet.

Vun Dikrech aus féiert e schmuele Wee, den Neelcheswee, dee vun der N17 fortgeet op de Galgebierg.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Bis an d'19. Joerhonnert gouf et an de géien Häng vum Härebierg Wéngerten. Déi goufe mat Iesele bewirtschaft. D'Symbolfigur, den "Dikrecher Iesel", soll dovun ofgeleet sinn.

Vun 1865 bis uganks des 20. Joerhonnerts gouf et um Galgebierg, um haitege Site vun enger Flüchtlingsstruktur, eng Kallekbrennerei.[1][2]

Den Härebierg sollt Enn der 1940er Jore fir touristesch Zwecker ausgebaut a mat enger Seelbunn mam Dall verbonne ginn. D'Stad Dikrech hat dofir 1949 d'Terraine vun der Brauerei Piedbœuf kaaft an d'Herrenberg-Lift-Gesellschaft gegrënnt. 1950 war Schluss mat dëse Pläng. Et war decidéiert ginn d'Kasär net um Terrain vun der haiteger Dikrecher Schwämm, mä um Härebierg ze bauen.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Härebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kallekbrennerei Vanderaiken. industrie.lu. Gekuckt de(n) 12 Dezember 2021.
  2. den Deiwelselter 3/2004. Gemeng Dikrech (2004). Gekuckt de(n) 12 Dezember 2021.
  3. Ern Breuskin, Stiller Einzug der Armee. Luxemburger Wort (24 Juli 2005) Archivéiert op 13 November 2021. Gekuckt de(n) 11 November 2021.