Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 17

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 17
E Kilometersteen op der N17.
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Dikrech,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°52'10,535"N, 6°9'45,605"O
Enn Veianen,
Bundesstrooss 50
Koordinaten 49°55'39,605"N, 6°13'27,948"O
Duerch Dikrech, Bleesbréck, Selz, Tandel, Furen, Veianen
Längt 13 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 17

D'Nationalstrooss 17 oder N17 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech an am Kanton Veianen. Si féiert vun Dikrech op Veianen a vun do weider an Däitschland.

Se huet hiren Ufank zu Dikrech op der Kräizung mat der N7. Se kräizt sech kuerz drop mat der N17A. Vun do féiert se iwwer Bleesbréck, Selz, Tandel a Furen duerch Veianen, wou se op d'N10 trëfft, mat där se zesummen e Stéck viru geet. Se béit dann no lénks of an d'Rue de la Frontière a kënnt dann op déi däitsch Grenz wou se an déi däitsch B50 iwwergeet.

D'N17 huet eng Gesamtlängt vun zirka 13 km.

 Commons: Nationalstrooss 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]