Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 19A

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 19A
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Duerch Bettenduerf
Opgaangen 1940er
Deklasséiert 5. Mee 1958
Längt 1.265 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz

D'Nationalstrooss 19A oder N19A war eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech.

Wéi am Enn vun de 1940er Joren den neie Laf vun der „Sauerstrooss“ (haut N19) an der Traversée vu Bettenduerf opgaangen ass, gouf déi al Strooss vun do un a bis 1958 als N19A bezeechent[1]. S'ass vun der Route de Diekirch fortgaangen, iwwer d'Rue du Pont (haut: CR357) an d'Rue du Château gelaf fir am Flouer Wuesen nees op der Dikrecher Strooss erauszekommen.

D'N19A hat eng Gesamtlängt vun 1,265 km[1].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Gesetz vum 5 Mee 1958, TABLEAU IV. – Seront déclassés en chemins repris, les tronçons de route ci-après (…) Route N° 19a, ancienne traversée de Bettendorf