Nationalstrooss 7A

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 7A
D'N7A (av. John-F. Kennedy) zu Ettelbréck
Verbindung N7 - N7
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Ettelbréck,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°50'49,24"N, 6°6'15,19"O
Enn Ettelbréck,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°50'55,32"N, 6°6'19,94"O
duerch Ettelbréck
Längt 350 m
Vitesslimitatioun 50 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 7A
Laf an Uschlëss
Ettelbréck N 7 Rue du Canal /
Rue Prince Henri
CR 348 Av. Lucien Salentiny
N 7 Rue de la Gare

D'Nationalstrooss 7A oder d'N7A ass eng kuerz Nationalstrooss am Kanton Dikrech um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck. Dës Strooss ass néideg well d'N7 zu Ettelbréck op engem Stéck nëmmen an enger Richtung (Sens unique) befuerbar ass.

Se geet vun der N7 (Kräizung Rue du Canal / Rue Prince Henri) aus an nordwestlecher Richtung fort, leeft parallel mat der Waark bis op d'Héicht vun der Grand Rue an dréint dann no riets a Richtung Osten a leeft iwwer d'Avenue J.F. Kennedy bis s'op der Kräizung mat der Rue de la Gare nees op d'N7 stéisst.

D'N7A ass ronn 350 m laang.

Entwécklung vun der N7A[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 7A – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]