Nationalstrooss 27

Vu Wikipedia
Laf vun der Strooss
Schëlter laanscht d'Strooss
Kilometersteen op der N27

D'Nationalstrooss 27 oder N27, och nach Route de la Haute-Sûre genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech an am Kanton Wolz.

Se huet hiren Ufank am Rond-point am Ausgank vun Ettelbréck op der N7 a leeft dann no Norden duerch Ierpeldeng, duerch den Dall vun der Sauer, duerch Méchela, Buerschter Millen, Lëpschent, Giewelsmillen, laanscht Dirbech, laanscht Boukels bis an den Heischtergronn, wou se op d'N12 trëfft.

Se geet e kuerz Stéck zesumme mat der N12 virun, béit dann awer no lénks of duerch den Tunnel op Esch-Sauer, Lëlz, Ënsber, Ueschdref, laanscht Bilschdref bis op de Riesenhaff, wou se op der N23 erauskënnt.

D'N27 huet eng total Längt vun zirka 46,5 km.

Äerdrutsch op der N27[1][änneren | Quelltext änneren]

De 6. Juli 1997 sinn no engem staarken Donnerwieder an engem private Steebroch op der N27 tëscht Ierpeldeng a Méchela zirka 3000 m3 Schifergestengs erofgerutscht, wouduerch d'Strooss op enger Längt vun 350 Meter komplett blockéiert gouf. D'Strooss goung eréischt no 17 Joer an 155 Deeg den 8. Dezember 2014 nees fir de Verkéier op. Wärend där Zäit war mat zwou provisoresche Brécken eng Ëmleedung op der anerer Säit vun der Sauer ageriicht ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nach 17 Jahren und 155 Tagen... op wort.lu vum 8. Dezember 2014 15:57


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 27 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien