Nationalstrooss (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Nationalstrooss ass zu Lëtzebuerg zanter 1843 eng Strooss, déi vum Staat, also der Administration des ponts et chaussées verwalt gëtt[1]. Et ass eng ëffentlech Staatsstrooss, déi – zesumme mat de Chemins reprisen – en Deel vum normale Stroossereseau ((fr) voirie normale) ass[2]. D'Haaptfunktioun vun enger Nationalstrooss ass, fir déi verschidde Verkéiersstréim ze sammelen an s'iwwer grouss Distanzen op hir Destinatioun ze féieren an esou déi wichtegst Uertschaften a Stroosse vum Land mateneen ze verbannen.

Fréier, ier d'Autobunnen a Schnellstroosse bestoungen, waren d'Nationalstroossen den héchsten Niveau an der Stroossenhierarchie.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems d'Lëtzebuerger Land am Joer 1839 gedeelt gi war, bestoung de Lëtzebuerger Stroossereseau aus knapp 200 km Stroossen, déi an engem deels desolaten Zoustand waren[3]. Nieft de Lëtzebuerger Stroossen, déi virun 1830 gebaut gi waren, sinn deemools nach zousätzlech Stroossen aus dem belsche Kinnekräich u Lëtzebuerg gefall, déi zanterhier vum Lëtzebuerger Staat verwalt ginn.

1843 gouf dunn d'Administration des travaux publics geschaaft[4], déi sech ë. a. ëm all Bauwierker vum Staat këmmere sollt, deemno och de staatleche Stroossereseau.

Den nationale Stroossereseau wéi mer e gréisstendeels haut nach kennen, geet op d'Gesetz vum 5. Mee 1958 zréck[5], mat deem verschidde Stroossen an der Hierarchie méi héich, anerer méi déif klasséiert goufen. Et goufen och Gemengestroossen a Staatsstroossen ëmklasséiert oder ëmgedréit.

Mam genannte Gesetz sollten dräi Haaptziler erreecht ginn:

  • all Uertschaft sollt en direkten Uschloss un de Reseau vun de Staatsstroossen hunn;
  • de Staat sollt wa méiglech déi Stroossen iwwerhuelen iwwer déi Buslinne fueren;
  • déi queesch Verbindunge mam staatleche Stroossereseau sollt bestoe bleiwen.

De Reseau vun de Nationalstroosse war deemools iwwer 840 km grouss.

Eng weider grouss Ëmklasséierung vu Stroosse gouf et mam Gesetz vum 22. Dezember 1995[6]; de Reseau vun den Nationalstroossen ass dunn op 798 km erof gaangen. Mam Gesetzesprojet 7423 vum 19. Mäerz 2019 ass eng nei Ëmklasséierung um Instanzewee[7].

Numerotatioun vun de Stroossen[änneren | Quelltext änneren]

All Land huet säin eegene System fir d'Stroossen ze nummeréieren. Zu Lëtzebuerg goufen déi éischt Nationalstroossen am Sënn vun den Zäre vun enger Auer nummeréiert, ugefaange mat der N1, der Strooss a Richtung Tréier, bis bei d'N7 („Nordstrooss”). Dës Nationalstroosse fänken an der Stad un a verbannen d'Haaptstad mat anere Stied am Land.

D'Nationalstroosse si vun 1 bis 35 nummeréiert, woubäi awer net all Nummer besat ass. Do dernieft ginn et nach 8 Nationalstroossen déi nëmmen um Gebitt vun der Stad verlafen. Si kruten Nummeren iwwer 50.

Bei klenge Verbindungsstroossen, déi och zu den Nationalstroossen zielen, gëtt hannert d'Nummer vun der Strooss nach e Buschtaf dobäi gesat (z. B. N7A).

D'Nationalstroosse gi gemenkerhand mat engem Kilometerstee mat engem roude Kapp an/oder mam Verkéiersschëld E, 21d (rout mat wäisser Schrëft) gezeechent.

Entwécklung vum Reseau vun den Nationalstroossen[änneren | Quelltext änneren]

Joer (op den 1. Januar) 1958 1990 1995 1996 2000 2008 2012 2016 2017 2020
Km Nationalstroossen 840 869 869 798 837 837 837 837 837 839

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Nationalstroossen zu Lëtzebuerg

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté du Gouvernement en Conseil du 23 janvier 1844 concernant la délimitation du Grand-Duché et de la Belgique. (Convention de limites conclue à Maestricht le 7 août 1843). - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-03.
  2. Art. 2 (1.3) vum Code de la route (Règlement grand-ducal du 23 mai 2012 modifiant 1) l'arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (...)) - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-03.
  3. (fr)Historique. pch.gouvernement.lu (2014-01-14). Gekuckt de(n) 2021-01-03.
  4. Loi du 6 avril 1843 sur l'organisation de l'administration des travaux publics. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-03.
  5. Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-03.
  6. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-03.
  7. (fr)Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.