Lëtzebuerger Arméi

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Logo vun der Lëtzebuerger Arméi
En Detachement vun der Lëtzebuerger Arméi virum Palais, bei enger Zeremonie vun der Ofléisung vun der Garde.

D'Lëtzebuerger Arméi ass zanter dem 30. Juni 1967[1] eng reng Fräiwëllegenarméi, déi aus ronn 1200 Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier, Offizéier an Ziviliste besteet. Eng Loftwaff gëtt et säit 2021[2], eng Marinn existéiert net.

D'Kasär Grand-Duc Jean (2013)

D'Zaldote sinn zanter 1967 exklusiv um Dikrecher Härebierg an der Kasär Grand-Duc Jean, déi et awer schonn zanter 1955 gëtt, stationéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dofir den Artikel: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi.

Rekrutement a Carrièren[änneren | Quelltext änneren]

Fir an d'Lëtzebuerger Arméi als fräiwëllegen Zaldot antrieden ze kënne muss een:

  • déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder déi vun engem aneren EU-Memberstaat an zanter op d'mannst dräi Joer zu Lëtzebuerg wunnen;
  • tëscht 18 a 26 Joer al sinn;
  • keng Krankheeten oder Handicappen hunn, déi mam Militärdéngscht net kompatibel sinn; an
  • déi néideg intellektuell, moralesch a physesch Qualitéite mat sech bréngen.

Graden[änneren | Quelltext änneren]

  • Fräiwëlleg Zaldoten: Premier Soldat-Chef, Soldat-Chef, Soldat de Première classe, Soldat
  • Kapereel: 1er Caporal-Chef, Caporal-Chef, Caporal de 1re classe, Caporal
  • Ënner-Offizéier: Adjudant-Major, Adjudant-Chef, Sergent-Chef, 1er Sergent, Sergent
  • Offizéier: Général, Colonel, Lieutenant-Colonel, Major, Capitaine, Lieutenant en 1er, Lieutenant

Am Géigesaz zu deene meeschten aneren Arméien, huet d'Lëtzebuerger Arméi ëmmer just ee Generol OF-6, de Chef d'État-major de l'Armée.[3][4]

D'maximal Kadergréisst läit bei 110 Offizéier, 260 Ënner-Offizéier an 100 Kapereel[5].

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Arméi wéi mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zréck, dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaaft an déi nei Organisatioun vun der Arméi gereegelt huet.

Organigramm vun der Lëtzebuerger Arméi

kuckt och den Artikel: Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi

Verhalenscode[änneren | Quelltext änneren]

  1. Ech dénge fräiwëlleg dem Lëtzebuerger Land.
  2. Ech erfëlle meng Missioun mat Entschlossenheet, Verantwortung an Initiativ a kucken dono eréischt no mir.
  3. Wann noutwenneg setzen ech ënner Asaz vum eegene Liewe meng Waffe kontrolléiert an.
  4. Ech respektéieren d'Dignitéit vun all Mënsch an hale mech un internationaalt an humanitäert Recht, d'Gesetzer a Reglementer.
  5. Am Respekt vun den Traditiounen trieden ech an Éieren op a weise Courage och ënner schwéieren Ëmstänn.
  6. Ech beweise Professionalismus, Disponibilitéit a Flexibilitéit a schaffe permanent u mir.
  7. Ech si riicht an éierlech, hu Respekt an Disziplin a gi mam gudde Beispill vir.[6][7]

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'gesetzlech Funktioun vun der Lëtzebuerger Arméi steet ganz am Kader vun der Force publique.

National[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bedeelegen un der Verdeedegung vum Territoire vum Groussherzogtum am Fall vun engem arméierte Konflikt
  2. Bedeelegen un der Protektioun vu liewenswichtege Punkten a Raim vum nationalen Territoire
  3. Ënnerstëtze vun aneren ëffentlechen Administratiounen a vun der Populatioun am Intressi vun der grousser Allgemengheet an am Fall vu Katastrophen
  4. Ubidde vun enger Virbereedung op Beruffer am ëffentlechen oder private Secteur fir fräiwëlleg Zaldoten

International[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bäidroen un der kollektiver oder gemeinsamer Verdeedegung, am Kader vun den internationalen Organisatiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass
  2. Am selwechte Kader: Bedeelegen un Humanitär- an Evakuatiounsmissiounen, Friddensmissiounen, souwéi Force de Combat Missioune fir d'Bewältege vu Krisen, inklusiv Operatioune fir Fridden ze schafen
  3. Bedeelegen un der Verifikatioun an der Kontroll vun der Ausféierung vun den internationale Missiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass[8][9].

Ausrëschtung[änneren | Quelltext änneren]

Uniform[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dofir den Artikel: Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi.

Waffen[änneren | Quelltext änneren]

Gefierer[änneren | Quelltext änneren]

Um Land[änneren | Quelltext änneren]

2 Dingoe bei der Parad fir Nationalfeierdag 2019…
an 2 Hummeren 2016

Bis 2025 sollen all d'Hummer an Dingoen ersat ginn. Dëst duerch 80 nei CLRV (Commandement, de liaison et de reconnaissance) Gefierer vum selwechten Typ. Si sollen tëscht 15-20 Joer am Asaz sinn.[11]

An der Loft[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Defense huet den 13. Juni 2001 mat de Belschen Homologen, am Kader vun NATO Verflichtungen, eng Konventioun ënnerschriwwen, fir zesummen een Airbus A400M Militär Transportfliger ze kafen[12]. 2005 gouf en entspriechend Gesetz ugeholl[13].

No 7 Joer Retard wéinst technesche Problemer, huet den 13. Abrëll 2020 den A400M zu Sevilla säin éischten Testfluch gemaach. Zanter August flitt e mat de Lëtzebuerger Faarwen. Mat der Seriennummer "MSN104" an ënnert der militärescher Immatrikulatiounsnummer CT-01, ass de Lëtzebuerger Transportfliger den 8. Oktober 2020 Owes um Findel ageweit ginn[14][15].

Den CT-01 gëtt um belsche Stëtzpunkt zu Melsbroek zesumme vun der Lëtzebuerger a Belscher Arméi bedriwwen[16],[17] Lëtzebuerg stellt bis zu 6 Piloten an 6 Loadmaster zur Verfügung.[18].

Asätz[änneren | Quelltext änneren]

A senger éischter Missioun am Mee 2021, huet den A400M 13 Zaldoten vun der Lëtzebuerger Arméi an de Mali bruecht.[19]

Am Hibléck vun der Evakuatioun vu Mënschen aus der Afghanescher Haaptstad Kabul, ass den CT-01, den 18. August 2021 op Islamabad an de Pakistan geflunn[20]. 93 Europäesch Matbierger konnte sou virun den Taliban flüchten[21].

De 27. August 2021 ass den A400M de Kontingent EUTM Mali 2021-03 vum Findel an de Mali geflunn[22].

Um Waasser[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet keng Krichsmarinn.

Anert Geschier[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Leider: L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1993.
  • Paul Cerf: Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Grand-Duché de Luxembourg de 1945 à 1967 ; Lëtzebuerg (RTL Édition), 1984; 217 Säiten (ill.). ISBN 2-87951-044-9
  • Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Eis Garde - Die Geschichte der Grossherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1990.
  • Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Ons Arméi - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967, Band I, Lëtzebuerg (Eegeverlag), 1997.

International Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Loi du 29 juin 1967 portant abolition du service militaire obligatoire...
  2. (fr)Loi du 2 juin 2021 portant modification. legilux (03 Juni 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  3. Grades. armee.lu. Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  4. (fr)Arrêté ministériel du 6 octobre 2000. legilux.lu (06 Oktober 2000). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  5. (fr)legilux, Loi du 24 mars 2021 portant modification de la loi modifiée du 23 juillet 1952 concernant l'organisation militaire. (24 März 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  6. (fr)Ministère des Affaires étrangères et européennes, Direction de la Défense, Engagement, droiture et fiabilité : Présentation de la première Charte des valeurs de l'Armée luxembourgeoise. armee.lu (15 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 17 November 2021.
  7. (lb)Lëtzebuerger Arméi, Code de Conduite Militaire vun der Lëtzebuerger Arméi (24 November 2020). Gekuckt de(n) 17 November 2021.
  8. (fr)Lëtzebuerger Arméi, Organisation de l'Armée. Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  9. (fr)Loi du 2 juin 2021; Memorial A416 (02 Juni 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  10. (fr)Pierre Brassart, Le Luxembourg réceptionne 20 VW Amarok. defencebelgium.com (03 August 2021). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  11. (fr)Tatiana Salvan, Des nouveaux véhicules pour l'armée luxembourgeoise (03 Juni 2021). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  12. (fr)gouvernement.lu, Charles Goerens signe une convention en matière de coopération militaire générale (12 Juni 2001). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  13. (fr)legilux, Loi du 21 mars 2005 autorisant l'acquisition d'un avion de transport militaire A400M. (05 Abrëll 2005). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  14. (fr)Direction de la Défense et l'État-Major de l'Armée, Cérémonie d'accueil de l'avion de transport A400M à l'aéroport du Findel. armee.lu (08 Oktober 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  15. (de)Eric Hamus, Erste Luxemburger Militärmaschine auf Findel (08 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  16. Premier vol de l'A400M luxembourgeois à Séville (paperjam.lu, on-line de 14. Abrëll 2020)
  17. Le Luxembourg a pris possession de son Airbus A400M (wort.lu, on-line den 13. August 2020). Gekuckt de(n) 04.09.2020.
  18. (de)Marc Hoscheid, Militärflugzeug A400M in Luxemburg gelandet. wort.lu (07 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  19. (lb)Neie Militärfliger bréngt Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali. RTL (15 Mai 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  20. Direction de la défense, L'avion militaire A400M de l'Armée luxembourgeoise a décollé pour participer à l'opération d'évacuation depuis l'Afghanistan. armee.lu (18 August 2021). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  21. (fr)Direction de la défense / ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, Un des ayants-droit luxembourgeois a réussi à entrer à l'aéroport de Kaboul. armee.lu (23 August 2021). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  22. (fr)État-Major de l'Armée, Départ du contingent EUTM Mali 2021-03 avec l'avion militaire A400M luxembourgeois. armee.lu (27 August 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.