High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) HMMWV)
Een Hummvee vun der Lëtzebuerger Arméi

Den High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle kuerz HMMWV och Humvee oder Hummer genannt, ass den Haaptasazwon an der Lëtzebuerger Arméi.

Den 22. Mäerz 1983 huet d'US-amerikanesch Arméi (United States Army) mat der AM General Division (haut AM General Corporation) e Vertrag an der Héicht vun 1,2 Milliarden US-Dollar fir d'Liwwerung vu 55.000 High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle (HMMWV), ofgeschloss. Deemools ass et den Hummer a 15 verschiddene Versioune ginn. Déi amerikanesch Sträitkräften (Army, Marines, Air Force) hu schlussendlech iwwer 120.000 Ween bestallt. Domat war dat dee gréisste Kontrakt, deen d'amerikanesch Arméi jeemools fir Ween op Rieder gemaach huet. Haut huet d'Army der ongeféier 120.000 an de Marine Corps huet der ongeféier 20.000. Den Hummer ass awer och an aner Länner exportéiert ginn, dorënner Spuenien, Portugal, Saudiarabien a Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Arméi huet e bësse manner wéi 200 Hummeren.

Den Hummer, den déi intern Bezeechnung M 998 Series kritt huet, ass ee Multipurpose Vehicle, dat heescht, datt hie fir eng ganz Rei vu verschiddenen Aufgaben agesat ka ginn. Hien ersetzt eng ganz Rëtsch vu liichten Transportween wéi beispillsweis d'Jeep, d'Dodge WC, den M 561 Gama Goat an den M 274 Mule.

Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am Laaschtenheft vum Hummer ass vill Wäert op eng grouss Standardiséierung tëscht deene verschiddene Versioune geluecht ginn. D'Zil sollt sinn, datt déi 15 verschidde Ween méi oder wéineger déi selwecht Ersatzdeeler sollen hunn. Am Ufank huet dat och gutt geklappt, well déi verschidden Typpen haten de selwechte Motor, de selwechte Chassis an de selwechten Undriff. Dat war natierlech e grousse Virdeel fir d'Logistik déi manner Ersatzdeeler huet misse matschleefen. An der Tëschenzäit ass vun där Standardiséierung awer net méi vill iwwereg. Duerch d'Aféiere vun de Versiounen A1 an A2, a virun allem vun der gepanzerter Versioun (XM 1114) konnt een d'Standardiséierung vergiessen.

D'Membere vun der Maintenance (an dësem Fall den Arméisgaragen) hunn doduerch Schwieregkeeten fir Ersatzdeeler an de Lëschten déi dacks net komplett sinn erëmzefannen, well déi keen Unhaltspunkt bidden WOU ee WAT fënnt.

Entretien vum Won[änneren | Quelltext änneren]

Am Lastenheft vum M998 ass Riets gaange vu vereinfachter Maintenance mat enger ganz gerénger Zuel vu Geschier. Dat war e fromme Wonsch, well an der Realitéit ass den Hummer net nëmmen extreem ufälleg fir Pannen, mais och zimmlech schwéier ze reparéieren. Dat bescht Beispill ass den Austausch vun engem Motor: bei engem moderne Panzer vum Typ Leopard 2 kann een e Motor a manner wéi enger Stonn wiesselen - beim Hummer brauch eng gutt openeen ofgestëmmt Ekipp 37 Stonnen. En plus ass et onméiglech eng gutt ofgestëmmt Ekipp ze kréien, well Zaldoten (souguer mat CATP) net um Hummer däerfe schaffen.

Ënnerhaltskäschten[änneren | Quelltext änneren]

Den HMMWV sollt och ganz niddreg Ënnerhaltskäschten hunn. Dat ass awer och net ze realiséiere gewiescht. Besonnesch déi gepanzert Versioune verschléngen eng Onmass vun Ersatzstécker. Dëst kennt besonnesch doduerch, datt de gepanzerten Hummer näischt anescht ass, wéi en net gepanzerten M998 op deen een e puer gepanzert Placken ubruecht huet. Duerch dat méi grousst Gewiicht sinn doduerch eng ganz Rei vu Stécker an der Ophänkung ze schwaach a musse ganz reegelméisseg ersat ginn. En anere Problem ass de Motor vum gepanzerten Hummer. De Motorblock vu 6,2 Liter ass einfach op 6,5 Liter opgebuert ginn an huet en Turbo verpasst kritt. Duerch d'Opbueren ass de Motorblock awer méi schwaach ginn.

De Küler vum HMMWV ass en plus extreem schlecht situéiert, e läit nämlech diagonal iwwer dem Motor, an ass vertikal virum Motor, wéi dat bei den ziville Wen de Fall ass. Dëst bréngt mat sech, datt de Küler reegelméisseg duerch Knascht a Blieder verstoppt, an da seng Killwierkung net méi huet. Mais och ouni Dreck am Küler ass d'Killung an de waarme Summerméint absolut net garantéiert. Well de Motorblock jo scho geschwächt ass, kënnt et, wann d'Hëtzt ze vill grouss gëtt, reegelméisseg zu Rëss an der Géigend vum leschten Zylinder. Bei ongeféier 3 bis 4 vun deene 42 gepanzerten HMMWV'en, déi d'Lëtzebuerger Arméi huet, gëtt pro Joer de Motor gewiesselt, well de Motorblock gerass ass. En neie Motor kascht e bësse méi wéi 10.000 US Dollar. Änlech Problemer gëtt et mam Pont a mat der automatescher Boîte.

Den intensiven Asaz vun M1114 am Irak (Operation Iraqi Freedom) an an Afghanistan (Operation Enduring Freedom) huet mat sech bruecht, datt de globale Besoin un Ersatzstécker an d'Luucht gaangen ass, an AM General huet seng léif Méi fir déi Stécker an enger akzeptabeler Quantitéit zur Verfügung ze stellen. Verschidde problematesch Stécker wéi zum Beispill d'6,5 Liter Turbo Motoren hu mëttlerweil Liwwerzäite vun zirka 24 Méint.

Zouverlässegkeet[änneren | Quelltext änneren]

All ziville Won deen eng änlech Zouverlässegkeet huet wéi den M998 wier séier vun der Bildfläch verschwonnen. D'Maintenance-Ratio (dat heescht de Rapport vun der Zäit déi de Won am Garage verbréngt iwwer déi Zäit déi de Won fiert) ass bei den net gepanzerten M998-Series ongeféier 0,25, dat heescht datt den Hummer no 4 Stonne fueren eng Stonn am Garage ass. Bei de gepanzerten M1113 oder M1114 ass d'MR souguer 0,313 (zum Vergläich: en normalen modernen Auto huet eng MR vun 0,01 bis 0,001). Praktesch bedeit dat fir d'Arméien déi den Hummer hunn, datt permanent tëscht 25 an 33 % vun de Ween net rullen. Hautdesdaags ass sou eppes inakzeptabel.

Wat bréngt d'Zukunft?[änneren | Quelltext änneren]

Déi US-amerikanesch Arméi wäert an den nächste Joren ee Recap-Program duerchféieren. D'Zil vun deem Programm ass et, fir d'HMMWVe 15 Joer nodeem se an de Betrib geholl goufe komplett nozekucken. Wärend den Aarbechte vum Programm sollen och sämtlech MWOen (Modification Work Order) gemaach ginn. Dee Programm soll d'Liewensdauer vun den HMMWVen erëm eng Kéier ëm zirka 10 Joer verlängeren. Dat misst duergoen, fir d'Zäit bis zum Aféiere vum neie Future Tactical Truck System (FTTS) respektiv dem Combat Tactical Vehicle (CTV) z'iwwerbrécken. Den Nofollger vum Humvee soll da méi grouss, méi staark an nach besser gepanzert sinn, wéi säi Virgänger.

Den Nofollger an der Lëtzebuerger Arméi[änneren | Quelltext änneren]

Den Nofollger vum Humvee ass den Dingo 2, dee vun der däitscher Krauss-Maffei Wegmann fabrizéiert gëtt. Et ass e gepanzert Gefier op Rieder fir 5 Mann, respektiv 8 fir déi laang Fassong, mat enger staarker Panzerung ënner dem Chassis géint Minnen. Als Haaptwaff huet den Dingo e Maschinnegewier. 2008 huet déi Lëtzebuerger Arméi 48 Stéck bestallt. Déi éischt sollen 2010 agesat ginn.

Gepanzert Versioun M1113 an M1114[änneren | Quelltext änneren]

Déi net gepanzert Versioune vun den Hummere sinn e Rescht vun der Doktrin vum Kale Krich: an dësen Zäiten huet e Won missen eng héich Mobilitéit hunn , net vill weien an eng grouss Reechwäit hunn. All dat huet géint vill Panzerung geschwat. Am Krich a Bosnien hunn d'Amerikaner awer séier gemierkt, datt den net gepanzerten Hummer e liicht Zil an engem asymmetresche Krich war.

Den XM1114 war eng vun O'Gara Hess & Eisenhardt gepanzert Versioun vum M996 an ass fir d'éischt 1997 an engem experimentelle Stadium (X-Stadium) un d'US-Militärpolice a Bosnien ausgeliwwert ginn. Kuerz drop krut och d'Lëtzebuerger Arméi hir éischt 24 XM1114. Well d'Grondstruktur vun der Suspensioun, dem Undriffsstrang an der Karosserie vum M998 komm sinn, an net fir sou vill Gewiicht gebaut goufen, waren déi éischt XM1114 extreem ufälleg. Kuerz nodeem den XM1114 agefouert gi war, ass och schonn ee sougenannten Retrofit Kit op de Maart komm. Dank dem Retrofit Kit konnten XM1114 an M1114 ëmgebaut ginn.

Obwuel souwuel den XM1114 wéi och säin Nofollger den M1114 dacks (an zu Recht) kritiséiert goufen a ginn, ass d'Panzerung vun deene Ween dat Bescht wat um Maart ze fannen ass. Den Hummer ka mat sengem viischte Rad op egal wéi eng Landminn aus de Reschtbestänn vun der rouder Arméi fueren, ouni datt d'Insassen dobäi ëm d'Liewe kommen an déi gepanzert Fënsteren halen enger 7,62 mm NATO AP (AP = Armor Piercing) duer.

Luedkapazitéiten a Fligeren[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Hummer kënnen an engem Transportfliger vum Typ C-130 Hercules geluede ginn. An e C-141 Starlifter passen der 6 an an ee C-5 Galaxy souguer 15. Ënner engem Transporthelikopter vum Typ CH-47 Chinook an ënner en CH-53 kënnen zwee M996 Series gehaange ginn, an ënner en UH-60 Black Hawk nach ëmmer een. D'Hummer (mat Ausnam vum M997A2) kënnen och iwwer dem Fluch mat Hëllef vun enger Spezialpalett ofgeworf ginn.

Wou ginn d'Hummere gebaut?[änneren | Quelltext änneren]

AM General baut d'Ween zu Mishawaka am US-Bundesstaat Indiana. O'Gara Hess & Eisenhardt baut d'Panzerung fir d'Modeller M1113 an M1114.

Déi verschidde Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • M 966 TOW Missile Carrier Basic Armor (NSN 2320-01-107-7153 - Präis: 47.069 US-$)
  • M 996 Mini Ambulance
  • M 997 Maxi Ambulance - C3I
  • M 998 Cargo Troop Carrier Grondtyp (NSN 2310-01-111-2275 - Präis: 49.357 US-$)
  • M 1025 Armament Carrier Basic Armor (NSN 2320-01-128-9551 - Präis: 38.496 US-$)
  • M 1026 Armament Carrier Basic Armor (NSN 2320-01-128-9552 - Präis: 39.518 US-$)
  • M 1035 Soft Top (Ambulance)
  • M 1036 Mini Ambulance
  • M 1037 S 250 Shelter Carrier (NSN 2320-01-146-7193 - Präis: 36.932 US-$)
  • M 1038 Cargo Troop Carrier Grundtyp (NSN 2320-01-107-7156 - Präis: 34.461 US-$)
  • M 1042 S 250 Shelter Carrier
  • M 1043 Armament Carrier W. Supplement Armor
  • M 1044 Armament Carrier W. Supplement Armor
  • M 1045 TOW Missile Carrier W. Supp. Armor
  • M 1046 TOW Missile Carrier W. Supp. Armor
  • M 1069 Prime Mover (NSN 2320-01-234-0497 - Präis: 35.000 US-$)
  • M 1097 Cargo Troop Carrier (NSN 2320-01-346-9317 - Präis: 35.209 US-$)
  • M 1109 gepanzert
  • M 1113 Expanded Capacity Vehicle (ECV)(NSN 2320-01-412-0143 - Präis: 61.042 US-$)
  • M 1114 Up Armored HMMWV (NSN 2320-01-413-3739 - Präis: 146.844 US-$)
  • M 1116 gepanzert

Verschidde vun dëse Versioune gëtt et an Tëschenzäit an de verbesserte Versiounen A1 an A2.

Technesch Donnéeë vum M998[änneren | Quelltext änneren]

  • Beschleunegung: 0–48 km/h a 7 Sekonnen; 0–80 km/h an 20 Sekonnen
  • Vitess: Strooss max. 113 km/h; Terrain max. 40 km/h; Duerchschnëtt 50 km/h
  • Besatzung: 1 Chauffer, 1 Bäifuerer, 8 Passagéier oder Gepäck
  • Gewiicht (eidel): 2.361 kg
  • Notzlaascht: 1.135 kg
  • max. Gewiicht: 3.496 kg
  • Zochkraaft: 1.500 kg
  • Längt: 4,57 m
  • Héicht: 2,60 m mat Daach, ouni Daach 1,37 m
  • Breet: 2,16 m
  • Steigfäegkeet: 60 % max (31°), Hang säitlech 40 % max (22°)
  • Wendekrees: 7,32 m
  • Waasserdéift: Normal 0,75 m; mat Deep Water Kit 1,50 m
  • Buedemfräiheet: 41 cm

Allgemeng Donnéeën zum M998:

  • Diesel
    • Modell A2: 6,5 Liter V8 ouni Turbo vun AM General
    • Aner Modeller: 6217 ccm V8
  • Leeschtung:
    • 120 kW (163 PS) bei 3400 U/min (A2)
    • 112 kW (152 PS) bei 3600 U/min
  • Dréimoment
    • 395 Nm bei 1.700 U/min (A2)
    • 339 Nm bei 2.000 U/min
  • Buerung x Hub: 10,3 x 9,7 cm
  • Verdichtung: 21,5: 1
  • Tankinhalt: 95 Liter
  • Verbrauch: meeschtens tëscht 20 an 30 Liter op 100 km - am Terrain awer méi!
  • Boîte: 4L65-E 4-Gang Automatik
  • Allradundriff: permanent, Kraaftverdeelung vir/hannen: 50:50
  • Zentraldifferential ka manuell gespaart ginn
  • Iwwersetzung:
    • 1. Gang 3,06:1
    • 2. Gang 1,62:1
    • 3. Gang 1,00:1
    • 4. Gang 0,75:1
  • Bremsen: 4 x Scheiwebremsen
  • Pneuen:
    • LT 285/70x17 All-Terrain (Zivil Versioun)
    • 37 X 12,5 R 16,5 Goodyear Wrangler LT (Militärversioun)
  • Felgen:
    • 8,5 x 17 Aluminium (Zivil Versioun)
    • Stol (Militärversioun)

Den zivillen Hummer[änneren | Quelltext änneren]

Well den Interessi un dem Won, dee bei der Operation Desert Storm a ronn 20.000 Exemplärer an den Asaz komm ass, sou grouss war, huet AM General 1992 eng zivil Humvee-Variant ënner dem Numm Hummer erausbruecht. Ee vun den éischte Keefer war den Arnold Schwarzenegger, dee mat dem Hummer zu Hollywood fir Opreegung gesuergt huet. 1999 sinn d'Markerechter fir den Hummer un General Motors iwwerdroe ginn, an domat ass et dunn zu engem weltwäite Verkaf vum Ur-Hummer, dem H1, komm. 2002 ass deen e bësse méi kompakten H2 derbäikomm, gefollegt 2004 vum Pick-up änlechen H2 SUT a vum "klengen" H3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Humvees – Biller, Videoen oder Audiodateien