Pont
Ausgesinn
| Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Ënner Pont versteet een zwou verschidde Saachen, jee nodeems wéi e Geschlecht et huet a wéi et ausgeschwat gëtt.
Weiblech an ausgeschwat wéi am Däitschen
[änneren | Quelltext änneren]Dat ass en anert Wuert fir "Fär": eng Zort Schëff, dat op engem Trajet hin an hier fiert.
Et kënnt vum laténgesche pontō mat der selwechter Bedeitung. Et ass Famill mam franséische ponton, hollännesche pont, rhäinesch-däitsche Ponte oder Pünte.
Männlech an ausgeschwat wéi am Franséischen
[änneren | Quelltext änneren]Dat ass dat franséischt Wuert vir "Bréck" a kënnt vum laténgesche pons mat derselwechter Bedeitung.
Et kënnt zum Beispill an dëse Kontexter vir:
- de Pont beim Auto, (Hënneschte Pont a Viischte Pont). Kuckt dofir och Differentialgedriw
- de Pont, eng Ariichtung an Atelieren (Garagen), fir Autoen an d'Luucht ze hiewen.
- de Pont oder Bréck, e Kran a Form vun enger Bréck.
- Pont: eng Uertschaft an der Provënz Léck, Gemeng Bellevaux-Ligneuville