Fär

Vu Wikipedia
Rhäinfär Altrip-Mannheim
Croisièrefär Silja-Europa
Wiking-Line, Helsinki
D'Fär tëscht Waasserbëlleg an Oberbillig

Eng Fär oder eng Pont ass e Waassergefier fir den Transport vu Persounen, Wueren oder Autoen iwwer Waasserstroossen. Si erlaabt, Persounen oder Saache vun engem op dat anert Ufer iwwerzesetzen. D'Fär ass domat op kuerze Strecken, do wou de Verkéier net ze staark ass, eng Alternativ zu enger Bréck oder engem Tunnel.

Andeelunge vun de Fären[änneren | Quelltext änneren]

Wat den Transportzweck ugeet, ënnerscheet een:

Et kann een d'Fären och no Asazgebitt ënnerscheeden:

  • Fären op Binnegewässer
  • Fären iwwer d'Mier

Et kann een och ënnerscheeden tëscht Färe mat eegenem Undriff a Fären ouni eegenen Undriff, déi z. B. un engem Seel iwwer d'Waasser gezu ginn.

A Stied, déi um Mier oder un engem gréissere Floss leien (och a Stied mat ville Kanäl), spille Färverbindungen am noe Verkéier eng wichteg Roll. Si si mat manner Käschte verbonn wéi Tunnellen oder Brécken an erméiglechen eng direkt Verbindung tëscht zwee Uwänner.

De bekanntsten internationale Färbetrib ass deen iwwer den Äermelkanal, an zwar vu verschiddene Länner aus, z. B. Frankräich, Belsch, Holland an Däitschland an Direktioun England oder Schottland.

Fären zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Fär Waasserbëlleg - Oberbillig[änneren | Quelltext änneren]

D'Sankta Maria II bei hirer éischter offizieller Faart
En Ticket fir d'Fär iwwer d'Musel

Déi eenzeg Fär déi am Moment zu Lëtzebuerg a Betrib ass, ass d'Fär op der Musel tëscht Waasserbëlleg an Oberbillig. Dës Fär, déi haut (2014) all Dag tëscht 200 (am Wanter) a 400 (am Summer) Autoen iwwer d'Musel transportéiert, funktionéiert schonn zanter dem 30. Abrëll 1966, also nëmmen zwee Joer no der Kanaliséierung vun der Musel. Se ass 23 m laang a 6,5 m breet, gëtt duerch en Dieselmotor ugedriwwen a ka maximal 6 Autoen transportéieren. Et war virgesinn, d'Fär Sankta Maria am Januar 2016 duerch eng nei z'ersetzen[1]. Am Januar 2016 gouf awer bekannt gemaach, datt d'Fär eréischt am Joer 2017 wäert ersat ginn, well d'Konzept vun der Fär geännert gouf an elo eng Fär mat Elektromotor soll an den Asaz komme.[2]

De 14. November 2017 gouf déi nei Elekrofär, déi zu Stralsund gebaut gouf a mat engem Schubschëff iwwert Waasserweeër bis an de Mäerterter Hafe bruecht gouf, an d'Waasser gelooss.[3] Déi offiziell Aweiung vun der neier Fär Sankta Maria II war de 25. November 2017 an den 10. Dezember 2017 huet déi nei Fär de reguläre Betrib opgeholl.[4]

50. Anniversaire[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. Abrëll 2016 gouf zu Waasserbëlleg an Oberbillig de 50. Anniversaire vum motoriséierte Färbetrib gefeiert.[5]

Fréier Fären[änneren | Quelltext änneren]

Et goufe fréier awer nach méi Fären op der Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, éier d'Brécke gebaut goufen, an och an der Zäit nom Zweete Weltkrich, wéi d'Brécken zerstéiert waren, z. B. zu Schengen an zu Gréiwemaacher, wou vum 1.Februar 1952 bis 1955 ier d'Bréck fäerdeg war, eng Héichseelpont funktionéiert huet, déi der Gemeng Gréiwemaacher gehéiert huet.[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferry – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neue Fähre zwischen Wasserbillig und Oberbillig in Sicht op wort.lu den 19. Dezember 2014
  2. Warten auf die neue Fähre am Luxemburger Wort vum 21. Januar 2016, S.26
  3. Elektrofähre "Sankta Maria II" zu Wasser gelassen op wort.lu vum 14. November 2017
  4. Die neue „Sankta Maria“ schippert auf der Mosel op wort.lu vum 10. Dezember 2017
  5. Lynn Hatto: 50 Jahre Moselfähre "Sankta Maria" - Mehr als eine "fahrende Brücke" am Luxemburger Wort vum 30. Abrëll 2016, S. 43
  6. *Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0, Säit 341-358.