Hollywood

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Quartier vu Los Angeles Hollywood. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Hollywood (Homonymie).
Greetings from Hollywood
Den Hollywood Boulevard

Hollywood ass e Quartier vun der US-amerikanescher Stad Los Angeles (Kalifornien), ëstlech vun der Vermont Avenue bis zum Laurel Canyon Boulevard iwwer de Sunset Boulevard an de Crescent Heights Boulevard westlech; vun Norden no Süde vum Mulholland Drive bis op d'Melrose Avenue. Zu Hollywood wunnen eng Ronn 300.000 Leit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1853 stoung nëmmen eng Haip aus Leem op där Plaz déi mir haut Hollywood nennen. Géint 1870 hu sech do eng Rei Baueren niddergelos. An den 1880er Joren ass den Harvey Henderson Wilcox mat senger Fra Daeida vun Topeka op Los Angeles geplënnert, an huet 1886 160 Ar Land westlech vun der Stad kaaft.

Den Numm Hollywood kënnt duerch dem Wilcox seng Fra, d'Daeida. Bei enger Zuchrees huet d'Daeida eng Fra kennegeléiert, déi vun hirer Heemécht an Ohio geschwat huet, an déi Hollywood genannt huet. Der Daeida huet dee Klang vum Wuert sou gutt gefall datt si hirem Mann seng Ranch a Südkalifornien och Hollywood gedeeft huet.

De Wilcox huet séier e Plang fir d'Stad gezeechent deen en den 1. Februar 1887 beim County Recorder's Office ofginn huet. Datt ass dann och déi éischt offiziell Ernimmung vum Numm Hollywood. Mat senger Fra als konstante Beroder huet hien d'Prospect Avenue (haut: Hollywood Boulevard) als Haaptstrooss ugeluecht. Doropshin huet hien dunn och ugefaange Land ze verkafen. D'Daeida huet Sue gesammelt an zwou Kierchen, eng Bibliothéik an eng Schoul baue gelooss.

Ëm 1900 hat Hollywood dann och eng Post, eng Zeitung, en Hotel an zwéi Mäert, bei enger Awunnerzuel vu 500 Leit. Los Angeles 7 Meilen ëstlech dovun hat deemools 100.000 Leit. En Tram ass op der Prospect Avenue gefuer mä dee Service war alles anescht wéi zouverlässeg an een Trip huet ganzer zwou Stonne gedauert.

Den éischten Deel vum berüümten Hollywood Hotel gouf 1902 opgemaach an d'Prospect Avenue krut Pavé.

1903 gouf Hollywood eng Municipalitéit. Ënner de Gesetzer gouf et ënner anerem eent dat d'Verkafe vu Likör verbueden huet, als eenzeg Ausnam huet den Aptikter dat däerfe maachen. Ausserdeem war et verbueden d'Véi duerch d'Stroossen ze dreiwen, wann den Trapp méi wéi 200 Käpp hat.

Wéi et 1910 zu engem Waassermangel wéinst inadequater Versuergung koum, gouf ofgestëmmt datt Hollywood zu Los Angeles soll gehéieren. Los Angeles huet säi Waasser aus dem Owens River bezunn. Duerch déi Annexioun goufen och d'Stroossennimm geännert an d'Prospect Avenue gouf den Hollywood Boulevard.

Hollywood an d'Filmindustrie[änneren | Quelltext änneren]

Um Ufank vum 20. Joerhonnert hunn Filmfirme vun New York an aus New Jersey ugefaangen a Kalifornien ze plënneren, haaptsächlech wéinst dem gudde Wieder. Obwuel et schonn elektrescht Liicht gouf sou war et dach nach net staark genuch fir adequat filmen ze kënnen an déi bescht Luucht war nach ëmmer d'Sonn. Nieft dem Klima huet awer och d'Natur d'Firmen a Kalifornien gezunn. E wichtege Punkt war och d'Distanz vu Südkalifornien op New Jersey, wat et dem Thomas Edison méi schwéier gemaach huet, sech op seng Patenter ze behaapten.

Zu där Zäit hunn dem Edison quasi all Patenter déi mam Filmen ze dinn hate gehéiert a wéi am Osten ëmmer méi Leit onofhängeg vum Edison senger Motion Picture Patents Company agéiert hunn, goufe si verklot. Also konnte si, andeems si op der Westküst souzen, méi onofhängeg schaffen. Wann den Edison Agenten op LA geschéckt huet, sou war dat dacks am Viraus gewosst an déi betraffe Leit konnte séier iwwer d'Grenz a Mexiko flüchten.

Den éischte Filmstudio, Nestor Studios, gouf 1911 vum Al Christie fir den David Horsley gegrënnt. Nach am selwechte Joer hu 15 weider Independante sech zu Hollywood néiergelooss.

Sou ass Hollywood duerch d'Filmindustrie an hir Filmstare bekannt ginn, an Hollywood gouf weltwäit zum Synonym fir d'US-amerikanesch Filmindustrie.

1913 huet den Cecil B. DeMille eng Scheier gelount an 1914 mat der Produktioun vum The Squaw Man lassgeluecht. Dëse Studio gouf bekannt als Lasky-DeMille Barn an ass haut den Hollywood Heritage Museum.

D'Charlie Chaplin Studioe sinn 1917 gebaut ginn. No 1953 hunnn déi Studioen enger Partie Leit gehéiert, dorënner CBS déi d'Serie Perry Mason do gefilmt hunn, a goufen 1969 vum Los Angeles Cultural Heritage Board zu engem historeschen a kulturelle Monument ernannt.

De berüümten "Hollywood"-Schrëftzuch

De berüümten "Hollywood"-Schrëftzuch hat ursprénglech e puer Buschtawe méi, do stoung nämlech "Hollywoodland". E gouf 1923 opgestallt, als Reklamm fir nei Haiser déi een op den Hiwwele kafe konnt. Wärend ville Joren ass d'Schëld bliwwen ouni datt ee sech drëms gekëmmert huet. 1949 huet sech d'Hollywood Chamber of Commerce ageschallt an huet offréiert déi lescht véier Buschtawen ewechzehuelen an de Rescht ze restauréieren. Hautdesdaags ass d'Schëld eng "registered trademark" an däerf net ouni d'Autorisatioun vun der Hollywood Chamber of Commerce benotzt ginn.

Déi éischt Academy Awards Zeremonie war de 16. Mee 1929 am Hollywood Roosevelt Hotel.

Zanter den 30er Joren hunn deene fënnef groussen Hollywood Studioen (Paramount, RKO, 20th Century Fox, Metro-Goldwyn-Mayer a Warner Bros.) vill grouss Kinoen am ganze Land gehéiert fir hir Filmer ze weisen. D'Joren 1930 bis 1948 ginn och als den Hollywood studio system bezeechent. An de Mëtt-1950er koum d'Televisiounsindustrie nach derbäi an ass bis haut och fest zu Hollywood etabléiert.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hollywood – Biller, Videoen oder Audiodateien