Willy Bourg

Vu Wikipedia
Willy Bourg
Gebuer 22. Februar 1934
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Februar 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Enseignant, Offizéier
Partei CSV

De Willy Bourg, gebuer den 22. Februar 1934 an der Stad, a gestuerwen den 21. Februar 2003 war e lëtzebuergesche Arméisoffizéier, Enseignant an CSV-Politiker.

Seng Jugend huet de Willy Bourg zu Beggen verbruecht. No sengem Secondaire am Kolléisch huet hien eng militäresch Ausbildung zu Arel an zu Bréissel gemaach. Duerno gouf hien Leitnant an der Lëtzebuerger Arméi, wou hie spéider responsabel war fir d'Ausbildung vun den Offizéier.

Am Joer 1967 huet hie bei der Arméi opgehalen, an ass op d'Technesch Universitéit vu Karlsruhe gaangen, fir Ingenieur ze ginn. Duerno war hie Professer am Lycée des arts et métiers, an deem hie méi spéit Directeur adjoint gouf.

1979 gouf de Willy Bourg an de Stater Gemengerot gewielt. Vun 1984 bis 1995 war hie Generalsekretär vun der CSV.

1985 huet hien dem Nic Mosar säi Chambersëtz iwwerholl, wéi deen als Kommissär op Bréissel goung. Zanterhier ass hie bei de Chamberwale vun 1989, 1994, an 1999 erëmgewielt ginn. 1998 gouf e Vizepresident vun der Chamber.

Den 21. Februar 2003, um Virowend vu sengem 69. Gebuertsdag ass de Willy Bourg un enger laanger Krankheet gestuerwen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zesumme mam André Muller:
    • Eis Garde - Die Geschichte der Grossherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee, Sankt-Paulus Lëtzebuerg, 1990
    • Ons Arméi - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967, Band I, Eegeverlag, Lëtzebuerg, 1997

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Jean-Pierre Kraemer 1984 - 1995 Camille Dimmer

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn