Jean-Pierre Kraemer

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Kraemer
Gebuer 24. Dezember 1939
Ettelbréck
Gestuerwen 31. Mee 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser
Partei CSV

De Jean-Pierre Kraemer, gebuer de 24. Dezember 1939 zu Ettelbréck a gestuerwen den 31. Mee 2020[1], war e lëtzebuergeschen Enseignant, Schrëftsteller a Politiker.[2].

Hie war vun 1994 bis 2015 President vun der Commission nationale luxembourgeoise pour la coopération avec l'Unesco[1]. Ënner sengem Mandat goufen d'Alstad an d'Festung vun der Stad Lëtzebuerg an d'Lëscht vun de Weltierwen (Europa) opgeholl.

Hien huet säi Secondaire am Lycée classique zu Dikrech gemaach an duerno zu Lëtzebuerg, Nanzeg a Paräis Literatur, Philosophie a Latäin studéiert[1].

De Jean-Pierre Kraemer huet Franséisch a Philosophie, vun 1964 un als Secondairesprofesser zu Dikrech a vun 1972 bis 1974 am Collège d'enseignement moyen et professionnel zu Ettelbréck, enseignéiert.

De Jean-Pierre Kraemer war vun 1977 bis 1984 Generalsekretär vun der CSV[1] a vun 1988 bis 2004 Generalinspekter fir d'Primärschoulen zu Lëtzebuerg.

Lokalpolitiker[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1976 bis 1980 war hie Member vum Gemengerot a vun 1980 bis 1987 Schäffen an der Gemeng Fiels[3].

Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Vu Literareschem huet de Jean-Pierre Kraemer Reesliteratur, Essaien an Erzielunge publizéiert.

Hien huet och reegelméisseg Artikelen an Analysen an Die Warte oder an Nos cahiers publizéiert[1].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Kraemer, J. (1993). Acide - billets. Luxembourg: Éd. Saint-Paul.

Als Co-Auteur[änneren | Quelltext änneren]

  • Felten, C., Goetzinger, Germaine, Kraemer, Jean-Pierre, Milmeister, Georges, Thill, François professeur, Fautsch, Georges, . . . Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur. (1989). Enseignement secondaire '39-89. Diekirch: APESS.
  • Dimmer, D., Hild, Yola, Kraemer, Jean-Pierre, Neuens, Othon, Oestreicher, Jean-Pierre, Rieff, Paul, . . . Luxembourg Ministère de l'éducation nationale. (1993). Eis Spillschoul : Plan-cadre pour l'éducation préscolaire au Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: MEN.
  • Houtsch, R., Kraemer, Jean-Pierre, Krippler, Paul, Link, André, Müller, Claude, Pütz, Pol, . . . Wilhelm, Frank. (1996). Regards sur une année de culture [1995] : Documentation. Luxembourg: Ed. Saint-Paul.
  • Kraemer, J., Reding, Pierre, Losch, Jean, & Portante, Dominique. (1998). Actes du Colloque interrégional Pour une école de la réussite organisé par le Collège des Inspecteurs de l'enseignement primaire en coopération avec le SCRIPT les 9 et 10 octobre 1997 à Bertrange (Mai 1998. ed.). Luxembourg: Ministère de l'Education Nationale et de la Formation Professionnelle.
  • Juncker, J., Thorn, Gaston, Schoos, Jean, Trausch, Gilbert historien, Thewes, Marc, Heiderscheid, André abbé, . . . Frising, Jean. (2000). Trounwiesel zu Lëtzebuerg. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Moumouni, C., Dubé, Claude, Helminger, Paul, Klein, Paul, Kraemer, Jean-Pierre, Pinnel, Roland, . . . Wilhelm, Frank. (2009). Regards croisés sur le patrimoine: Actes du colloque de Luxembourg. Québec: Les Presses de l'univ. de Laval.
Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Jean Weber 1977 - 1984 Willy Bourg

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Jean-Pierre Kraemer ist tot. Wort.lu (2020-06-05). Gekuckt de(n) 2020-06-05.
  2. Jean-Pierre Kraemer - Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. www.autorenlexikon.lu. Gekuckt de(n) 2020-06-05.
  3. Doudesannonce vum Jean-Pierre Kraemer vun der Gemeng Fiels am Luxemburger Wort vum 5. JUni 2020 op der säit 45