Festung Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Een Deel vun der Festung ier se geschleeft gouf.

D'Festung Lëtzebuerg war, bis datt se an de Joren no 1867 ofgerappt gouf, eng Befestegungsanlag ronderëm d'Stad Lëtzebuerg, déi vu grousser strateegescher Bedeitung an der Regioun war an dofir am Laf vun de Joerhonnerten ëmmer erëm besat gouf.

Réimerkastell[änneren | Quelltext änneren]

D'Ufäng vun der Festung Lëtzebuerg ware ganz bescheiden. An der Réimerzäit hu sech um Plateau iwwer Uelzecht a Péitruss zwéi Kieme gekräizt, deen, dee vun Arel op Tréier gaangen ass, an deen, dee vun Diddenuewen derbäikoum. Ronderëm dës Kräizung huet sech an engem Krees eng hëlze Palissad gezunn, hanner där sech d'Bauere bei engem Iwwerfall zeréckzéie konnten. Net wäit ewech, um Bockfiels, gouf et e klengt réimescht Kastell dat Lucilinburhuc genannt gouf - doraus huet sech iwwer Lützelburg spéider de Landesnumm Lëtzebuerg erausgebilt.

Buerg[änneren | Quelltext änneren]

Nom Réckzuch vun de Réimer stoung dat Kastell eidel an ass ëmmer méi verfall. Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried sech an engem Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin de Bockfiels mat den Iwwerreschter vum Kastell geséchert an dorop eng éischt kleng Buerg gebaut, déi mat enger hëlzener Zuchbréck mam Plateau verbonne war. Mat der Zäit huet sech um Plateau eng Siidlung gebilt, déi ronn zweehonnert Joer méi spéit eng kleng Stad gouf a Mëtt vum 12. Joerhonnert mat enger fester Stadmauer op der Héicht vum haitege Gruef protegéiert gouf. Am 14. Joerhonnert koum nach eng zweet Stadmauer derbäi, déi de Gronn an d'Rumm ëmschloss huet, an dunn och nach eng drëtt, déi d'Stadgebitt bis op d'Héicht vum haitege Boulevard Royal erweidert huet.

Festung[änneren | Quelltext änneren]

Overlay-Kaart vun der Festung ëm 1794

1443 huet de Philippe de Gudden d'Stad Lëtzebuerg mat engem Iwwerraschungsugrëff iwwerrompelt (virdru war se och scho seng, mä just als Gage). D'Festung selwer huet dovu profitéiert, well all neien Här versicht huet, se méi grouss, besser duerchduecht a méi staark ze maachen. Op de Pläng, ënnen op dëser Säit, gesäit ee gutt, wéi se bannent 200 Joer vun enger einfacher Mauer mat Gruef zu engem héichsophistikéierte Verdeedegungssystem ausgebaut gouf.

Grondsätzlech kann ee soen:

  • d'Fransousen hunn alles eckeg gemaach;
  • d'Spuenier hunn alles ënnerhielegt;
  • d'Preisen hunn alles bommefest gemaach.

Schlussendlech huet d'Festung Lëtzebuerg aus dräi Festungsmauere bestanen, op enger Fläch vun 180 ha (d'Stad selwer hat just eng Fläch vun 120 ha). Banne gouf et eng Abberzuel Bastiounen, an der Mëtt 15 Forten a ronderëm nach eng Kéier 9 Bausseforten. En Netz vun 23 km Kasematte war mat iwwer 40.000 m2 bommeséchere Raim verbonnen. Do ass et kee Wonner, datt d'Festung de Spëtznumm Gibraltar vum Norde krut, als Uspillung op den onbezwongene Fiels Gibraltar op der Südspëtz vun der ibeerescher Hallefinsel. D'Festung Lëtzebuerg ass effektiv ni militäresch bezwonge ginn. 1443 hat wéi gesot de Philippe de Gudden d'Stad duerch en Iwwerraschungsugrëff ouni Géigewier geholl, a spéider hunn d'Häre vun der Festung just gewiesselt, wann d'Festungsgarnisoun duerch batteren Honger gezwonge war, d'Paarte vun der Stad fräiwëlleg opzemaachen.

Als Festung vum Däitsche Bond[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Ofrappe vun der Festung[änneren | Quelltext änneren]

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Groussherzogtum Lëtzebuerg onofhängeg an hat als Groussherzog de Wëllem III., dee gläichzäiteg och Kinnek vun Holland war. D'Land war e Memberstaat vun der Konfederatioun vum Däitsche Bond an hat dowéinst eng konfederéiert Garnisoun an der Festung, déi vun de Preise gestallt gouf. Wéi den Däitsche Bond sech 1866 no der preisescher Victoire am Däitsch-Éisträichesche Krich opgeléist huet, gouf en duerch den Norddäitsche Bond, engem Federatiounsstaat, ersat, dee Lëtzebuerg awer net mat abegraff huet. Déi preisesch Garnisoun ass trotzdeem emol nach an der Festung bliwwen. De Wëllem III. wollt vun der onklorer Situatioun profitéieren an d'Festung Lëtzebuerg un den Napoleon III. verkafen. Domat war de Bismarck awer net d'accord, an et wier bal zum engem däitsch-franséische Krich komm.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg-Kris.

Wann et 1870-1871 zwar effektiv sou wäit war, sou konnt 1867 de Fridden awer nach eng Kéier gerett ginn: am Londoner Protokoll ass festgehale ginn, datt déi convoitéiert Festung ofgerappt, a Lëtzebuerg éiweg neutral sollt sinn.

Ofbrochaarbechten 1869.

Ganzer 16 Joer, vun 1867 bis 1883, sollt et daueren, bis datt d'Schleefe vun der Festung endlech ofgeschloss war. Dëst gouf vu lokalen Entreprenere gemaach, déi fir déi Aufgab bezuelt hunn an am Géigenzuch d'Steng vun de Festungsmaueren a -gebaier hale konnten. Dat ganzt ass chaotesch vir sech gaangen, soudatt irrelevant Deeler vun der Festung komplett gesprengt goufen, mä bei strateegesch wichtege Baute gefuddelt gouf, andeems just den ieweschte Stack gesprengt an iwwer de Rescht einfach Buedem getippt gouf. Et konnt awer duerchgesat ginn, dat e puer "Kennzeeche" vun der Stad der Nowelt nach sollen erhale bleiwen: déi dräi Tierm aus der zweeter Stadmauer, d'Vaubans Tierm am Pafendall, den Agank vum Fort Thüngen op den dräi Eechelen, den Huelen Zant um Bock an d'Schlassbréck, de Stierchen am Gronn, d'Tréierer Paart mat den Tierm an de Kasären op der Rumm, verschidde Gebailechkeeten um Helleg-Geescht-Plateau an hei an do nach e Spueneschen Tiermchen.

Wat hautdesdaags deem engen oder aneren als grouss Zerstéierung vun eemolege Bauwierker schéngt, war deemools fir d'Leit eng grouss Befreiung. Zanter dem 14. Joerhonnert konnt d'Stad nämlech net méi wuessen, wéinst militäreschen Iwwerleeunge war et bis op Ausname verbueden, nei Haiser an a ronderëm d'Stad ze bauen. Wéi de Korsseli vun de Festungsanlagen awer bis ewechgefall ass, du konnt d'Stad sech erëm entwéckelen. Am Süden huet d'Nei Bréck de Plateau Bourbon zougänglech gemaach an am Westen ass de Boulevard Royal gebaut ginn, mat hannendrun dem grousse Stadpark.

Kommandante vun der Festung vun 1815 bis 1867[änneren | Quelltext änneren]

  • 1815 Friedrich Ferdinand Jakob du Moulin
  • 1842 Alexander von Wulffen
  • 1850 Leopold von Gayl
  • 1852 Ehrenfried August Kayser
  • 1855 Eduard von Olberg
  • 1858 Albrecht von Sydow
  • 1860 Konstantin Bernhard von Voigts-Rhetz
  • 1863 Ferdinand von Prondzynski
  • 1864 August von Stahr
  • 1867 Hermann von Hanneken

Gouverneure vun der Festung vun 1815 bis 1867[änneren | Quelltext änneren]

  • 1815 Ludwig Wilhelm von Hessen-Homburg
  • 1839 Friedrich Wilhelm von Hessen-Kassel
  • 1846 Friedrich Wilhelm Ludwig von Preußen
  • 1852  Heinrich von Wedel(l)
  • 1860  Eduard August von Brauchitsch

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Festung Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien