Bastioun Louis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten:
Lag vun der Bastioun Louis ("30, B.L." = "Bastion Louis") 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.

D'Bastioun Louis (virdrun Cavalier del Prevosto; an och Bastioun Piémont) ass ee Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg. Se läit beim haitege Boulevard Roosevelt, op der Héicht wou d'Passerelle op den Helleg-Geescht Plateau stéisst. D'Stëtzmauere mat de Contreforts vun der Bastioun existéieren nach, ma de Parapet gouf ofgedroen, an am fréiere Bastiounshaff sinn haut op 4 Parzellen Haiser gebaut.[1]

D'Bastioun ass nom franséische Kinnek Louis XIV benannt, och wann éischt Pläng hir den Numm vum François Michel Le Tellier de Louvois ginn, dee vu 1662 bis 1691 franséische Krichsminister war, an a groussem Mooss um Ausbroch vum Krich géint d'Habsburger bedeelegt war. Et schéngt awer, wéi wann ënner dem Androck vun der Stad an dem Gefalen, dat de Kinnek un der Stad a sengen Awunner fonnt huet, d'Decisioun geholl gi wier, hir net den Numm vun dem Haaptresponsabele fir de mäerderesche Bombardement vu Chrëschtdag 1683 ze ginn, fir d'Populatioun net ze veriergeren.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

1346-1347 hunn d'Bauaarbechten ugefaangen[2], déi de befestegte Beréng vun der Stad Lëtzebuerg erweidere sollten. Déi nei Quartiere virun der éischter Ëmwallung sollten duerch eng zweet Mauer mat hallefronnen Tierm geschützt ginn. Op der Südsäit gouf déi Mauer op de Fiels iwwer dem Péitruss-Dall gesat, ongeféier do wou haut de Boulevard Roosevelt leeft. Texter beleeën, datt déi Mauer och e Wiergank an e Gruef hat. Dës Mauer bestoung aus 19 Tierm, déi um Deventer Plang vu 1581 verzeechent sinn, vun der Porte Saint Jost bis bei d'Helleg-Geescht Bastioun.[3] 5 vun dësen Tierm stoungen am Beräich vun der haiteger Bastioun Louis. Tëscht deenen zwéi westlechsten Tierm, ongeféier do wou haut d'Terres-Rouges Gebai ass, kéint eng Poterne bestanen hunn, vun där aus een Trapen oder e klenge Pad an de Gronn konnt erof goen.[4]

No der Prise duerch de Philippe III de Bourgogne (genannt le Bon) 1443 goufen eng Rei Haiser a Gäert laanscht deen Deel vun der Mauer ofgerappt fir weidere Befestegunge Plaz ze maachen. D'Mauer gouf verstäerkt, andeems Buedem hannendrun opgetippt gouf. Vu 1548 u sinn sou op der ganzer Front 3 erhéichte Plattforme fir Artillerie entstanen. Op der Héicht vun der haiteger Bastioun Louis ass sou d'Kaz Egmonte entstanen. Gläichzäiteg gouf tëscht deenen 3 Kazen, Conte Mansfelt (Bastioun Beck), del Prevosto (Bastioun Louis) an Egmonte (haut de Kanounenhiwwel) eng Verbindungsmauer gebaut.

Wat d'Fransousen ugefaangen haten, maachen d'Habsburger ënner dem Karel I. vu Spuenien fäerdeg.

16381644 kënnt et ënner dem gebiertege Pafendaller, Generol, Baron a Gouverneur vun der Stad, Jean Beck, zum Bau vu Bastiounen op der ganzer Säit. Op der Héicht vun der haiteger Bastioun Louis entsteet eng éischt Bastioun, déi ronn 9 Meter méi kuerz ass, awer schonn déiselwecht Form huet, eng klassesch Bastiounsform mat 5 Ecker, a wéi en Dar an den Dall erausstécht. Déi Bastioun kritt den Numm „Piémont“. Si huet eng Mauerdéckt vun 2,5 m a steet um Fiels. Während Gruewungen 1995, déi duerch de Bau vun engem neie Gebai op der Plaz néideg goufen, konnten op de Reschter vun de Facen Aschléi vu Kanounekugele vun der Belagerung 16831684 festgestallt ginn.

Dee Moment hunn 3 Bauperioden niefteneen existéiert: déi mëttelalterlech Mauer bestoung, grad sou wéi d'Kazen an déi nei Bastiounen.[5]

No der Prise vun der Stad 1684 duerch dem Louis XIV seng Truppen, déi vum Vauban gefouert gi waren, gouf och deen Deel vun der Festung remodeléiert. Déi al Bastioun Piémont, déi während der Belagerung gelidden hat, gouf bis op wéineg Reschter ofgedroen. Och d'Kaz an déi mëttelalterlech Mauer si verschwonnen. Déi nei Bastioun hat deselwechte Grondrëss wéi déi al, ma gouf ronn 9 Meter virun der aler Bastioun gebaut. Si war 14 Meter héich mat enger Mauerdéckt vun 2,5 Meter bei de Facen a Flanken, an 3 Meter bei de Contreforten. Ënner dem Vauban gouf och den Helleg-Geescht Plateau zu enger Zitadell ausgebaut, déi och zur Stadsäit befestegt war, an duerch d'Aushiewe vun engem Gruef an de Bau vu Kasären zu enger „Stad an der Stad“ gouf.[6] De Gruef an de Ravelin vun där Zitadell waren am Réck vun der Bastioun Louis.[5]

D'Bastioun Louis, gemoolt vum William Turner.

Ënner éisträicher Besatzung gouf 1745 eng Fausse-Braie tëscht de Bastioune Louis a Beck ugeluecht an de Fiels ënner der Bastioun gouf mat Kasematte versinn. Am Bastiounshaff vun der Bastioun Louis gouf doriwwer eraus e Fortifikatiounsmagaséng fir Bauholz ugeluecht. 1844 gouf vun der preisescher Garnisoun notéiert, datt am Bastiounshaff e Fortifikatiounsbauhof mat enger Wierkplaz ass.

Weidert Benotzen[änneren | Quelltext änneren]

Et ass während der Preparatioun vum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg 1867 relativ séier kloer, datt d'Bastioun Louis aus Grënn vun der Statik net konnt geschleeft ginn. Si hält e gudden Deel vum Helleg-Geescht Plateau. Dowéinst huet d'Gemeng decidéiert, 4 Bauparzellen op hir ze schafen. D'Keefer kruten awer als Oplo, d'Mauer missen a Stand ze halen, de Parapet missen ofzerappen, an en Trottoir missen unzeleeën. An der Suite goufen eng Rei Wunnhaiser hei gebaut, déi deels och nach haut existéieren.

Landesbank Baden-Württemberg[änneren | Quelltext änneren]

De 4. Januar 1956 huet d'Assurance La Bâloise eng Parzell kaaft an dat dorop gebautent Haus ofgerappt fir eng eege Konstruktioun drop ze setzen. Dës nei Konstruktioun - no de Pläng vum Pierre Gilbert - bestoung aus engem 8-stäckegen Tuerm mat Rasterfassad, dee fir deemoleg Verhältnesser héichmodern war. An dësem Gebai haten tëscht 1959 an 1993 ënner anerem och d'Tageblatt an de Service information et presse vun der Regierung hir Büroen. Dëst Gebai war awer an den 1980er Jore vereelzt, a stoung an der Kritik well et net an d'Gesamtbild vun deem Deel vun der Stad gepasst huet. 1995 gouf et ofgerappt, an amplaz gouf e modernt Bürosgebai no Pläng vum lëtzebuergeschen Architekt Jean Herr gebaut, wat als Bauhär d'LRI Landesbank Rheinland-Pfalz International S.A. hat.[7] D'Gebai hält sech a senge Formen an a senger Héicht un dat neit Stater Plangungsgesetz a reiht sech méi harmonesch an déi erhale Bausubstanz aus dem 19. Joerhonnert an.

Beim Bau vum neie Gebai goufen extensiv Gruewunge virgeholl, bei deenen Iwwerreschter vun der Bastioun Piémont fonnt goufen, déi awer am Laf vun de Konstruktiounsaarbechten zerstéiert goufen. D'Stützmauere vun der Bastioun Louis goufen och fräigeluecht, sou datt d'Archeologe souguer d'Contreforte vun der Bastioun konnte gesinn. Dës Contreforten, genee wéi d'Kanounepaarten, goufen an de Bau mat ageschafft.

An den ënnerierdesche Gäng sinn haut Informatiounstableauen déi d'Visiteuren op d'Geschicht vun der Bastioun hiweisen. De Beräich gehéiert der Landesbank Baden-Württemberg, déi do Gäscht ëmfänkt an e Wäikeller ënnerhält. D'Selektioun geet iwwer Margaux a Pomerol aus dem Bordeaux eriwwer an d'Bourgogne mat Wäiner vun Nuits-Saint-Georges an d'Côtes de Provence mat Wäiner vu Châteauneuf-du-Pape. Op den Nischen an deenen d'Wäiner zortéiert sinn, sinn, wou et nëmme méiglech war, d'Deckele vun de Wäikëschte mat den Nimm drop ugeschrauft.

Dat Ganzt ass ee Gemësch aus Al an Nei: Béton-armé Entlaaschtungsbéi, eng Alumiumstrap a stolen Trägeren déi de Raum vum Safe droe kontrastéiere mat den ale Stützmaueren aus der Zäit vum Vauban.

Hôtel des Terres Rouges

Terres-Rouges Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Terres-Rouges-Gebai gouf 1872 als Wunnhaus gebaut. Zanter 2012 ass do de Kulturministère dran.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hôtel des Terres Rouges

Residenz vum briteschen Ambassadeur[änneren | Quelltext änneren]

De François-Émile Majerus hat am Januar 1869 eng Bauplaz um boulevard F. D. Roosevelt (deemools boulevard du Viaduc) kaaft, wou hie sech en herrschaftlecht Haus baue gelooss huet, an deem hie bis zu sengem Doud gewunnt huet. Hautesdaags ass an dësem Haus d'Residenz vum briteschen Ambassadeur[8].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de) Yegles-Becker, Isabelle. Baugeschichte der Bastion Louis. In: Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg a.s.b.l.: 15 Joer – Jahre – ans. Luxembourg: Imprimerie Centrale (2008). S. 103ff.
  2. (de)P.J. Müller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. An: Jacquemin, Albert. Burgbefestigungen der Stadt Luxemburg. Éditions Saint-Paul (1971). S 70-72.
  3. (fr)Jacob Van Deventer. LVXEMBOVRG // LVTZENBVRGVM, / Ducatus eisudem nominis, vetus / et primaria Vrbs, in superi= / orem & inferiorem situ mira= / bili, vallibus, et praecipitijs / secatur. Castro quondam, et / Benedictorum coenobio Du= / cum oratorio, et sepulturae / nuncupato prestans. Köln: Georg Braun & Franz Hogenberg, 1581. An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).
  4. (de)Jacquemin, Albert. Burgbefestigungen der Stadt Luxemburg. Éditions Saint-Paul (1971). S 70-72.
  5. 5,0 5,1 Atlas 149 de Finetti Forteresse de Luxembourg en 1684.
  6. (fr) L'héritage culturel / Vauban à Luxembourg. Éditions Saint-Paul (2005). S 30.
  7. D'LRI ass zanter dem 1. Juli 2008 eng 100%eg Duechtergesellschaft vun der Landesbank Baden-Württemberg (LBBW). [1]
  8. Robert L. Philippart, „Résidence de l'Ambassadeur du Royaume-Uni“, Artikel an der Zäitschrëft „Wunnen“ Nr 30 - septembre-octobre 2012


Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
Blason ville lu Luxembourg-ville.svg

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-Tuerm
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
{{small|Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI{{small|
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten a Schleisen
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Grond-SchleisBourbon-Schleis