Helleg-Geescht-Plateau
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
| |
| Situatioun | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Quartier(en) | Uewerstad |
| Postcode | L-1475 |
| Koordinaten | 49°36'28,58"N, 6°8'1,82"O |
| Morphologie | |
| Héicht i. M. | 294 m |
| Geschicht | |
| Genannt no | Hellege Geescht |
|
| |
Den Helleg-Geescht-Plateau ass e Plateau deen am Südoste vun der Stad op engem Fielsvirspronk läit an am Westen an am Süde vum déiwen Dall vun der Péitruss begrenzt gëtt. Am Oste falen d'Fielsen an den Uelzechtdall mam Stadgronn. Op der Héicht schléisst en un de Kär vun der Alstad un, wou graff gesot, d'Helleg-Geescht-Strooss an d'Corniche d'Grenz vum Plateau am Nordweste bilden.
De Plateau mat enger Fläch vu ronn 5 ha läit op enger Héicht vun ca. 294 Meter. Déi héchst Plaz um Plateau ass de Kanounenhiwwel mat 300,8 Meter.
Um Helleg-Geescht Plateau stoung fréier e Klarissinnen-Klouschter, duerno gouf d'Plaz als Festungsanlag mat Zitadell ausgebaut. Nom Schleefe vun der Festung stoungen do nach laang déi fréier Kasären an deene verschidde Verwaltungen hir Plaz haten an zanter 2008 ass do déi nei Cité judiciaire.
No Jore mat archeologeschen Ausgruewungen, besteet zënter Juni 2025 provisoresch d'Méiglechkeet mat Visite-guidéeë d'Klouschteriwwerreschter ze besichen a méi iwwert déi klouschter- a festungsgeschichtlech Aspekter gewuer ze ginn. Bis 2028 soll d'Krypta amenagéiert sinn, fir datt een d'Visitt ouni Guide maache kann.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Geriicht an der fréierer Kasär
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Helleg-Geescht-Plateau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ (fr) Eric Thill annonce que la crypte archéologique du plateau du Saint-Esprit ouvre ses portes au public. mcult.gouvernement.lu (03.06.2025). Gekuckt de 25.06.2025.
