D'Place des Bains op lëtzebuergesch Biederplaz, ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se läit vis-à-vis vun der Badanstalt, südlech vun der Biedergaass a westlech vum Wupp vun der Kapuzinergaass.
Den Numm bezitt sech, wéi och bei der Biedergaass, op d'Badanstalt, déi op där Plaz steet.