Place de Nancy (Stad Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Numm | fr: Place de Nancy |
---|---|
Längt | ca. 20 × 55 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Hollerech |
Postcode | 2212 |
Koordinaten |
49° 36’ 12.3’’ N 06° 07’ 06.3’’ O |
Genannt no | Nanzeg |
D'Place de Nancy ass eng Plaz zu Hollerech an der Stad Lëtzebuerg. Op d'Plaz stoussen am Norden d'Rue Alphonse Munchen an d'Rue Jean Jaurès an am Süden d'Rue Émile Lavandier an d'Rue Raymond Poincaré.
An der Mëtt vun der Plaz stinn zwou Reie vu japaneschen Ziirkiischtebeem mat wäisse Bléien.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Plaz ass no der franséischer Stad Nanzeg ((fr) Nancy), der „Haaptstad (Prefecture) vum Departement Meurthe-et-Moselle, benannt.
De Karel de Kéngen (1433 - 1477), fréieren Herzog vun der Bourgogne a vu Lëtzebuerg, war no sengem Doud fir d'éischt zu Nanzeg begruewe ginn, ier säin Urenkel, de Karel V., déi stierflech Iwwerreschter op Lëtzebuerg iwwerféiere gelooss hat. Dräi Joer méi spéit, gouf hien dunn definitiv zu Bruges bäigesat[1].
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Op der Nanzeger Plaz, a Richtung Süde gekuckt...
-
...an a Richtung Norden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Place de Nancy (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |