Place Joseph-Thorn

Vu Wikipedia
Place Joseph Thorn
Numm fr: Place Joseph Thorn
Längt ca. 150 × 50 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Märel
Postcode 2637
Koordinaten 49° 36’ 13.6’’ N
      06° 06’ 08.5’’ O
Genannt no Joseph Thorn

D'Place Joseph Thorn ass eng Plaz zu Märel an der Stad Lëtzebuerg. Se läit laanscht dem Boulevard Marcel Cahen, tëscht der Rue Béatrix de Bourbon, der Rue Charles Quint an der Rue Guillaume de Machault.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss gouf den 20. Abrëll 1964 vum Stater Schäfferot nom Politiker Joseph (Jis) Thorn (1883 - 1953) genannt.

Bis 2013 war d'Plaz net esou grouss, se ass am Westen nëmme bis bei déi fréier Rue de Chiny gaangen. Duerch de Bau vun enger Rëtsch Wunnhaiser ass déi Strooss du verschwonnen an d'Plaz ass méi grouss gemaach ginn.

Büst vum Luís de Camões[änneren | Quelltext änneren]

Büst vum Luís de Camões

Am Mäerz 2016 sinn déi nei Raimlechkeete vum Centro Cultural Português no Luxemburgo (CCP) op der Place Joseph-Thorn ageweit ginn. An deem Kader ass och eng Büst vum portugiseschen Nationaldichter Luís de Camões vu Bouneweg op Märel virun de Kulturzenter geréckelt ginn. Si ass do den 10. Juni 2016, um portugiseschen Nationalfeierdag ("Dia de Portugal"), a Presenz vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der portugisescher Ministesch fir ëffentlech Verwaltung Constança Urbano de Sousa nei ageweit ginn.[1]

Si gouf 2006 vun der Associatioun Santa Casa da Misericórdia do Luxemburgo an de Geschäftsleit António Silva, José Vieira a Manuel Cardoso kaaft an der Stad Lëtzebuerg geschenkt. Den 10. Juni 2006 war si ageweit ginn.[2] Sculpteur war den Mário Rodrigues de Castro.[1]

Am Oktober 2015 war annoncéiert ginn, datt d'Wierk d'Place Léon-XIII zu Bouneweg géif verloossen. D'Plënneren hat fir eng kleng Poleemik an der portugisescher Communautéit gesuergt. E puer Leit hu kritiséiert, d'Büst géif aus dem Aarbechterquartier Bouneweg op Märel geréckelt ginn, well et do méi "chic" wier. Dem portugisesche Botschafter gouf virgeworf, hien hätt d'Mäzene vum Wierk net ëm hir Meenung gefrot. Den Ambassadeur dogéint sot, jiddweree wier kontaktéiert ginn a wier averstane gewiescht, datt d'Büst eng méi "digne" a méi "modern" Plaz verdéngt hätt. Am Mäerz 2016 ass se an den Ateliere vun de Stater Muséeën ënner der Victor-Hugo-Hal restauréiert ginn.[1]

Den neie Sockel fir de Camões a Form vun engem "L" ass vum lëtzebuergesch-portugiseschen Architekt Jean-Paul Carvalho entworf ginn, deen och fir d'Pläng fir de CCP verantwortlech war. En ass 1,16 Meter héich an 22 Zentimeter déif; d'Büst selwer ass 28 Zentimeter héich. Et ass iwwerluecht ginn, Stee fir de Sockel aus Portugal ze importéieren, mee déi Iddi ass wéinst dem Zäitdrock awer erëm fale gelooss ginn.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place Joseph-Thorn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Presentatioun op instituto-camoes.pt (gekuckt den 19. September 2017)
  2. Anne's City Mag (30. mee 2011)