Jean-Paul Carvalho

Vu Wikipedia

De Jean-Paul Carvalho, gebuer de 15. Februar 1971 zu Albergaria-a-Velha a Portugal, ass e lëtzebuergeschen Architekt.[1]

Hien ass a Portugal gebuer a mat dräi Joer mat sengen Elteren op Esch-Uelzecht geplënnert. Mat 16 huet hie mat der Schoul opgehalen an als Zeechner fir Ponts et Chaussées geschafft. Well hien Talent hat huet säi Patron hien encouragéiert, seng 13e am Arts et Métiers nozehuelen. Duerno huet hien zu Léck Architektur studéiert. Nodeem hien 1999 säin Diplom krut, huet hien eng Aarbecht am Büro vum Architekt Paul Bretz zu Lëtzebuerg ugeholl.[2] 2005 huet hie säin eegenen Architektebüro Carvalhoarchitects opgemaach.

Ee vu senge Projeten ass den 1535° zu Déifferdeng, dee fir den Präis vun der Europäescher Unioun fir zäitgenëssesch Architektur nominéiert war.[3] Och d'Raimlechkeete vum Centro Cultural Português no Luxemburgo zu Märel si vum Jean-Paul Carvalho.[4]

2017 souz de Jean-Paul Carvalho an der Jury vun de Luxembourg Design Awards.[5] Hie kollaboréiert och reegelméisseg mam Lëtzebuerger Designer Philippe Schlesser.

Hien ass Papp vun 2 Kanner a war Kandidat fir Déi Gréng bei de Gemengewalen 2017 zu Esch-Uelzecht.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Paperjam: Jean-Paul Carvalho (gekuckt den 19. September 2017)
  2. Archiduc: 11 questions à Jean-Paul Carvalho (1. Oktober 2010)
  3. L'essentiel: Le 1535° retenu parmi 356 œuvres européennes (20. Januar 2017)
  4. Archiduc: Institut Camões (16. September 2016
  5. Bold Magazine: «Il y a toujours une émotion à traduire» (27. Abrëll 2017)
  6. Luxemburger Wort: “Ser arquiteto é trabalhar em coisas realistas. Também é assim na política” (13. September 2017)