1535°

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Déifferdenger Kreativ-Hub. Fir d'Joer, kuckt wgl. 1535.
Logo

1535° ("Fofzéng-Fënnefandrësseg") as e Kreativ-Hub zu Déifferdeng, deen an de fréieren Ateliere vun der Déifferdenger Schmelz amenagéiert gouf.

D'Iddi geet 2011 op d'Déifferdenger Gemengeverwaltung zeréck, déi déi fréier Ateliere vun der Schmelz aus den 1960er Joren - am Ganze 16.000 m² - nämlech de Kesselbetrieb, den Zilleschapp an d'Schräinerei, no an no an d'Rei gesat huet, fir s'u kleng Firmen, déi am Kreativberäich schaffen, ze verlounen. D'Gemeng huet de Site op 30 Joer vun ArcelorMittal gelount, ier en dann an hire Besëtz iwwergeet.

D'Iddi ass, datt Leit aus ganz ënnerschiddleche Beräicher - Design, Videoprodutioun, Architektur, Bichereditioun, Fotografie, Bijousschmadd, ...- sech ënnereen austausche kënnen, a sou idealerweis nei Iddien zesummen entwéckelt kënne ginn.

D'Aweiung war am Oktober 2015. Architekte waren de François Doneux an de Jean-Paul Carvalho.[1]

2016 ware 40 Entreprisen an der aler Schräinerei installéiert, dorënner och d'Gratiszeitung L'essentiel an hire Radio, L'essentiel Radio[2].

Et besti Pläng, d'Gebai C och frësch z'amenagéieren[Wéini ?], fir op 7.000 m² ë. a. 39 nei Kreativatelieren, ma och gemeinsam Kichen a Versammlungssäll op all Stack, souwéi enger Soundfactory a Form vun engem Opnamstudio an 10 Proufsäll fir Museker, Plaz ze bidden.

Den Numm gouf erausgesicht, well 1535 Grad Celsius d'Temperatur ass, bei där Eise schmëlzt.

D'Tania Brugnoni ass d'Leederin vum Projet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 1535° – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. L'essentiel: Differdange inaugure l'espace de création 1535 (9. Oktober 2015)
  2. "What is 1535° ? op 1535.lu