Rue de Chiny (Märel)

Vu Wikipedia
Rue de Chiny
Numm fr: Rue de Chiny
Bemierkung D'Strooss besteet net méi!
Längt ca. 75 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Märel
Koordinaten 49° 36’ 14.4’’ N
      06° 06’ 09’’ O
Genannt no Chiny

D'Rue de Chiny war bis 2013 eng Strooss am Quartier Märel vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch tëscht der Rue Béatrix de Bourbon an der Rue Guillaume de Machault an huet d'Rue Charles Quint mam Boulevard Marcel Cahen verbonnen[1].

Westlech vun der Rue de Chiny war de Foussballsterrain vun der Luxlait an ëstlech dovun d'Place Joseph Thorn, op där eng Parkplaz war. Duerch den Neibau an d'Vergréisserung vun der Place Joseph Thorn ass dës Strooss awer verschwonnen.

D'Strooss war no der belscher Stad Chiny benannt, déi am Mëttelalter Zentrum vun enger Grofschaft mam selwechten Numm war an déi 1364 un den Herzog Wenzel I. vu Lëtzebuerg verkaf gouf.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Rue de Chiny am Garer Quartier vun der Stad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 5: 30-31