Wenzel I. vu Lëtzebuerg
Wenzel I. | |
---|---|
![]() | |
Titelen | |
Virgänger | Karel I. |
Nofollger | Wenzel II. vu Lëtzebuerg |
Biographie | |
Gebuer |
25. Februar 1337 jul. Prag |
Gestuerwen |
8. Dezember 1383 jul. Lëtzebuerg |
Papp | Jang de Blannen |
Mamm | Beatrice vu Bourbon |
Geschwëster | Karel I. vu Lëtzebuerg, Nikolaus vu Lëtzebuerg, Jean-Henri vu Mieren, Bonne vu Lëtzebuerg, Margréit vu Béimen, Anna vu Béimen |
De Wenzel I. vu Lëtzebuerg, gebuer den 28. Januar 1337 zu Prag a gestuerwen den 8. Dezember 1383 an der Stad Lëtzebuerg) war Herzog vu Lëtzebuerg, Brabant a Limburg.
Hie war dee jéngste Jong vum Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen. 1353 krut hie vu sengem Hallefbruder Karel I. Lëtzebuerg als Herzogtum iwwerdroen. Hie war domat den éischten Herzog vu Lëtzebuerg.
Am Mäerz 1354 huet hie sech mat der Jeanne vu Brabant bestuet, der eelster Duechter vum Jean III., Herzog vu Brabant a vu Limburg, a gouf d'Joer drop, de 5. Dezember 1355, och an deenen Herzogtëmer als Herzog unerkannt, nodeem e garantéiert hat, datt se do hir Privilegie behale kéinten.
Hien ass ouni Kanner gestuerwen a sou huet säin Neveu, de Wenzel II. de Lëtzebuerger Troun iwwerholl.
Seng lescht Rou huet hien an der Abteikierch vun Orval fonnt.
Virgänger: Karel I. |
Herzog vu Lëtzebuerg 1353- 1383 |
Nofollger: Wenzel II. |
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Wenceslaus I of Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |