Bonne vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Phantasiezeechnung vun der Bonne,

D'Bonne (oder Bona; däitsch: Guta oder Jutta) vu Lëtzebuerg, gebuer den 20. Mee 1315 a gestuerwen den 11. September 1349 zu Maubuisson, Frankräich, war déi zweeteelst Duechter vum béimesche Kinnek Jang de Blannen a senger éischter Fra, der Elisabeth. Si war déi eelst Sëschter vum Keeser Karel IV.

Ier se sech mam franséische Kinnek sengem Jong Jean bestuet huet, war si virdru schonn, aus strategesche Grënn, fiancéiert ginn: Mat 6 Joer mam Friedrich II. vu Meißen (1310–1349), duerno, wéi näischt draus ginn ass, mam Henri IV. vu Bar, dat awer och net zu enger Hochzäit gefouert huet.

Dofir haten d'Verhandlunge mam Kinnek Philippe VI. vu Frankräich 1328 Succès: Dem Jang säi Jong Karel gouf mam Philippe senger Duechter Blanche vu Valois verloobt a seng Duechter Bonne mam Philippe sengem Jong Jean vu Valois, dem spéidere Kinnek Jean II. (Jean le Bon, 1319–1364).

Den 2. Januar 1332 ass de Jang vu Lëtzebuerg mat senger Duechter Guta/Bonne zu Paräis ukomm. De 6. August 1332 huet d'Bonne (dat ewell 17 Joer hat) sech zu Melun mam Jean (deen der 13 hat) bestuet. Hie war de 17. Februar 1332 fir volljäreg erkläert ginn an hat den Titel vun engem Herzog vun der Normandie an engem Grof vun Anjou a Maine.

Den 11. September 1349 ass si un der Pescht gestuerwen, ier hire Mann Kinnek gouf. Et gouf och Gerüchter, hire Mann hätt se, sief et aus Jalousie, sief et aus politesche Grënn, vergëfte gelooss.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

D'Bonne an de Jean hate vun 1336 u bannent zwielef Joer eelef Kanner, vun deenen der siwen et bis an den Erwuessenenalter gepackt hunn:

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Jörg K. Hoensch: Die Luxemburger - Eine spätmittelalterliche Dynastie gesamteuropäischer Bedeutung 1308–1437. Verlag W. Kohlhammer, Stuttgart 2000, ISBN 3-17-015159-2.
  • Ferdinand Seibt: Karl IV. - Ein Kaiser in Europa 1346–1378. 5. Auflage. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 1994, ISBN 3-423-04641-4.
  • Heinz Thomas: Johann II. In: Joachim Ehlers, Heribert Müller, Bernd Schneidmüller: Die französischen Könige des Mittelalters 888–1498. Verlag C.H. Beck, München 1996, ISBN 3-406-40446-4.
  • Joseph Calmette: Die großen Herzöge von Burgund. Eugen Diederichs Verlag, München 1996, ISBN 3-424-01312-9.