Parkplaz

Vu Wikipedia
De Glacis ass e grousse Parking an der Stad Lëtzebuerg

Eng Parkplaz ass en Terrain, op deem Gefierer wéi Autoen oder e Camionen ofgestallt ginn. Als Parkplaz gëllt eng Fläch, déi grouss genuch ass, fir een eenzelt Gefier, wärend op engem Parking Plaz fir méi wéi ee Gefier ass. E Parking op méi wéi engem Stack gëtt Parkhaus genannt.

Parkplazen a Parkinge fënnt een am privaten an am ëffentleche Beräich.

E Parking gëtt duerch d'Verkéiersschëld E, 23 ugewisen.

Eng speziell Zort Parkplaz ass d'Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Park and ride[änneren | Quelltext änneren]

Park and ride(en) (och Park-and-ride oder Park & ride, dacks P+R oder P&R ofgekierzt) ass e Konzept, nodeem eng Persoun hiert Gefier op engem Parking ofstellt an da mam ëffentlechen Transport bis op hiert lescht Zil, dacks e Stadzentrum, fiert. Park and ride hëlleft och Verkéiersproblemer bei grousse Manifestatiounen (Sportveranstaltungen, Concerten, Fester, asw.) z'evitéieren.

Een Ënnerkonzept ass Park & Rail, dat sech op d'Ëmklammen op de Schinneverkéier limitéiert.

E Park-and-ride-Parking gëtt duerch d'Verkéiersschëlter E, 23b, E,23c oder E,23d ugewisen.

Park-and-ride-Parkingen an der Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Parking Zuel Parkplazen[1] Koordinaten Ëffentlechen Transport Bemierkung
Beggen 160 (2) 49° 39’ 01,9’’ N 6° 07’ 45,8’’ E Bus 10 an 11 Parken ass gratis
Bouillon 2.250 Parkhaus (28) + 200 baussen 49° 35’ 59,16’’ N 6° 06’ 25,5’’ E Bus 12, 15, 17, 24, CN1 Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis
Kierchbierg-Gernsback[2] 595 (15) 49° 38’ 10,6’’ N 6° 10’ 29,5’’ E Tram T1
Bus 6, 7, 16, 21, 25
Parken ass net gratis
Kockelscheier 567 49° 33’ 56,8’’ N 6° 06’ 27,9’’ E Bus 18, 27 Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis
Lëtzebuerg-Süd 835 (4) 49° 34’ 42,8’’ N 6° 07’ 41,6’’ E Bus 5, 24, 28, 29 Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis
Parking du Stade
(Arelerstrooss)
400 (6) 49° 36’ 52,2’’ N 6° 06’ 30,1’’ E Bus 11, 16, 22 Parken ass net gratis
Stadion vu Lëtzebuerg 1.993 (43) 49° 34’ 38,8’’ N 6° 06’ 39,0’’ E Bus 5, 18, 20, 22, 27 Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Car parks – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. A Klameren, d'Zuel vun de Parkplazen fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit.
  2. (fr)Ouverture du Parking Gernsback à partir du 3 mai. fondskirchberg.public.lu (2021-05-03). Gekuckt de(n) 2023-12-10.