City Night Bus

Vu Wikipedia
E City Night Bus an der fréierer Busgare Hamilius (2014)

D'AVL-Linnen CN1 – CN7 si Buslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

De Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – fueren déi Linne gratis an der Stad an et kann een dovu profitéiere fir an e Restaurant, Café oder eng Disko ze goen ouni mussen eng Parkplaz ze sichen.

D'Linn CN1 fiert all véierel Stonn vum P+R Bouillon iwwer d'Gare, d'Stad, de Glacis bis a Clausen a weider op de Cents. Déi Linn mécht haaptsächlech d'Verbindung tëscht den eenzele Plaze wou gefeiert gëtt.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: AVL-CN1.

No Hallefnuecht huet d'Linn CN1 all hallef Stonn am Hamilius Uschloss un d'Linnen CN2, CN3, CN4, CN5, CN6 an CN7. Déi insgesamt 7 Linne fuere als Ronnfahrt vum Hamilius aus an déi verschidde Quartiere vun der Stad.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen AVL-CN2; AVL-CN3; AVL-CN4; AVL-CN5; AVL-CN6 a(n) AVL-CN7

Entwécklung vum City Night Bus[änneren | Quelltext änneren]

• Vun September 1999 bis den 23. November 2004 huet den City Night Bus (CNB/CN1) nach Late Night Bus (LNB/LT1) geheescht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]