AVL-Linn 20
|
| |
|
Eng Linn 20 op der Cloche d'Or a Richtung Märel | |
| Märel - Kockelscheier | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Merl, Marcel Cahen 49°36'6,48"N, 6°6'4,57"O |
| op | Kockelscheuer, Parc Luxite 49°33'24,95"N, 6°5'48,70"O |
| iwwer | Märel, Belair, Hollerech, Garer Quartier, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech, Kockelscheier |
| Gefiertyp | Elektrobus, Gelenkbus |
| opgaang | 12. Abrëll 2026 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Fuerzäit | 35 min, 37 min |
|
| |
D'AVL-Linn 20 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. Abrëll 2026 um Trajet Märel, Marcel Cahen - Belair - Hollerech - Gare - Gare Rocade - Cloche d'or - Kockelscheier, Parc Luxite an zeréck. D'Streck tëscht der Cloche d'or an der Industriezon Parc Luxite gëtt just an de Spëtzestonnen (06:30 – 09:30 a 14:45 – 18:30) gefuer, déi aner Faarten hunn hiren Terminus beim P+R Stade de Luxembourg.
Fir de Reseau z'optimiséieren an eng direkt Verbindung tëscht Märel / Belair an dem Garer Quartier ze schafen, gouf am Abrëll 2026 eng Deelstreck agefouert, déi et bis dohin nach net gouf: den Trajet vu Marcel Cahen bis op d'Gare gouf deemno virun de bestoenden Trajet Gare - Kockelscheier gehaangen.[1]
D'Linn 20 huet a béide Richtungen 22 Halten; se fiert vu méindes bis freides all 20 Minutten.
Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Réiser fiert d'Linn 20 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis an de Parc Luxite op der Kockelscheier; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.
Halten op der Linn 20
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
| Halten | Bemierkung | |
|---|---|---|
| AVL Betriebshof | betriblech Halt (Opluedstatioun) ouni Passagéierverkéier | |
| AVL Portal | betriblech Halt ouni Passagéierverkéier | |
| Marcel Cahen | ||
| Barrière | ||
| Laang Heck | ||
| Orval | ||
| Place de France | ||
| Athénée | ||
| Jean-Baptiste Merkels | ||
| Fonderie | ||
| Gare Centrale | ||
| Wallis | ||
| Gare Rocade | ||
| Francophonie | ||
| Hildegard von Bingen | ||
| Gasperich, Waassertuerm | ||
| Émile Bian | ||
| Schaarfen Eck | ||
| Stade de Luxembourg | ||
| P+R Stade de Luxembourg | ||
| Kockelscheuer, Camping | ||
| Kockelscheuer, Um Plateau | ||
| Kockelscheuer, Louis Ackermann | ||
| Kockelscheuer, Parc Luxite |
Entwécklung vun der Linn 20
[änneren | Quelltext änneren]Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:
- virun 1977: et gouf keng Linn mat der Nummer 20
- 1977 – 1980: Gare - Stad - Domaine du Kiem an zeréck.
- 1980 – 1992: Gare - Stad - Eech - Weimeschkierch - Dummeldeng, Parc de l'Europe an zeréck.
- 1992 – 2015: Gare - Al Bréck - Stad - Plateau Bourbon - Gare
- 01.06.2015 – 12.12.2020: Hamm - Zens - Clausen - Stad - Weimeschhaff - Kierchbierg
Um Kierchbierg gouf den Terminus e puermol geännert: de 14. Mäerz 2016 gouf e vun der Luxexpo Entrée Sud op déi nei Halt Marcel Reuland, den 10. Dezember 2017 op d'Halt Poutty Stein an de 15. Oktober 2018 op d'Halt Chambre des Métiers verluecht.
Am Dezember 2017 gouf och den Trajet um Kierchbierg geännert: d'Linn ass dunn duerch d'Rue du Fort Niedergrünewald amplaz iwwer d'Avenue Kennedy gefuer a vum 15. Oktober 2018 un ass d'Linn och laanscht de Rehazenter (Rue des Labours) gefuer.
Zu Hamm hat d'Linn 20 e gemeinsamen Terminus mat de Linne 15, 25 a 70.
- 13.12.2020 – 10.09.2022: P+R Bouillon - Hollerech - Gare - Gare Rocade - Cloche d'Or, Guillaume Kroll.
- 11.09.2022 – 06.07.2024: P+R Bouillon - Hollerech - Gare - Gare Rocade - Cloche d'Or - Kockelscheier, Parc Luxite.
Wéi d'Tramslinn T1 de 7. Juli 2024 bis op d'Cloche d'or verlängert gouf, ass de Reseau liicht ugepasst ginn an den Deel P+R Bouillon - Gare, dee bis dohi vun der Linn 20 befuer gouf, ass vun der Linn 22 iwwerholl ginn.
- 07.07.2024 – 11.04.2026: Gare - Gare Rocade - Cloche d'or - Kockelscheier, Parc Luxite.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-Linn 20 – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Adaptation du réseau | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 07.04.2026.
